Skip Navigation LinksBesser-kommunizéiere-mat-Social-Media

Social Media an d’Gemengen
05/09/2017 09:00
 

Besser kommunizéiere mat Social Media

Gemengen a Syndikater stinn haut vill Kommunikatiounskanäl zur Verfügung.

Engersäits déi offiziell, wéi de Reider, de Buet, Informatiounsflyeren, d’Websäit oder sms2citizen, mee anerersäits och informell Kanäl, nämlech da wann Mataarbechter oder Eluen direkt mat Bierger schwätzen – an dat esouwuel analog wéi digital.​

Eng gutt Kommunikatioun ass esouwuel relevant wéi och kohärent. Dat heescht et ass wichteg, datt een als Verwaltung op alle Kanäl mat enger Stëmm schwätzt an och de passenden Tounfall wielt.

Hautdesdaags gëtt sech nieft enger gudder awer och eng reaktiv Kommunikatioun erwaart, eng wou net nëmmen erzielt gëtt, mee och nogelauschtert gëtt. D'Kommunikatioun vun haut ass eng Kommunikatioun déi Relatiounen opbaut an a béid Direktioune fonctionnéiert. Dofir ass et wichteg net nëmmen eppes ze publizéieren, mee och op Feedback anzegoen. Schlussendlech sollt eng gutt Kommunikatioun kohärent an iwwert all Kanäl ewech integréiert sinn.

Wéi ka Social Media also hëllefe besser ze kommunizéieren?

Den éischte Pilier ass den Opbau vu Relatiounen. Do wou eng klassesch Kommunikatioun heefeg als eemoleg Aktioun geplangt an duerchgefouert gëtt, erlabe sozial Netzwierker et iwwert eng länger Zäit richteg Relatiounen opzebauen. Dës Relatiounen erméiglechen et fir aus Persounen déi sech bis elo ausgeschloss gefillt hunn, „Fans" ze maachen déi sech authentesch fir der Verwaltung hir Aktiounen interesséieren.

Natierlech ass et esou, datt Verwaltungen all Dag mat de Bierger interagéieren a Relatiounen opbauen, mee Social Media ass dee Kanal wou een dëst am beschte moossen an iwwert gréisser Gruppen ausbaue kann.

Den zweete Pilier ass et op Feedback anzegoen. All Verwaltung déi Social Media benotzt sollt e konkrete Plang hunn, wéi een op verschidde Feedback reagéiert an de Bierger och ëmmer iwwert de Progrès a Kenntnis setzen. Wor et bei Bréiwer esou, datt en Delai vun enger Woch nach akzeptéiert gouf, sou erwaarde Bierger déi eppes per E-Mail froe schonns eng Äntwert innerhalb vun engem bis zwee Deeg an op sozialen Netzwierker gëtt sech eng éischt Äntwert nach während dem éischten Dag erwaart. Natierlech muss dir net déi endgülteg Äntwert an engem Dag liwweren, mee dir musst sécherstellen, datt dir de Bierger um Lafende kënnt halen – eppes wat d'Qualitéit vun ären Interaktiounen och bei anere Kommunikatiounsformen erhéicht.

Den drëtte Pilier ass dee fir sozial Netzwierker an déi klassesch Kommunikatioun z'integréieren an esou de Bierger de Réckkanal z'offréieren deen e Buet oder de Reider net kann erméiglechen. Dofir ass et wichteg all Kanal deen een huet richteg ze bewerben an och z'erkläre wéi eng Ressourcen derhannert stinn. Am Fall wou een net kann de selwechten Dag äntweren, well de Kanal nëmmen all zweeten Dag gekuckt gëtt, muss een dëst kloer kommunizéieren.

Social Media ass kee Wonnermëttel wat aus duerchschnëttlecher Kommunikatioun op eemol gutt Kommunikatioun mécht. Wéi ëmmer gëllt och hei, datt een sech e Plang sollt iwwerleeë wéi een un deen neie Challenge erugeet a wat een sech dovun erwaart. Kommunikatioun op de sozialen Netzer ass awer en Deel vun enger moderner Kommunikatioun a sollt net vergiess ginn.​

  • Support

    Contacter le support

    35 00 99-444
    support@sigi.lu

  • Contact

    Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique

    6, rue de l'Étang
    L-5326 Contern

    BP 63
    L-5201 Sandweiler

    35 00 99-1
    contact@sigi.lu

    Lundi à Vendredi

    08:00 à 12:00
    13:00 à 17:00

    SIGI Nord

    4, Lisseneck
    L-9377 Hoscheid