Skip Navigation LinksLount-sech-Social-Media-fir-meng-Gemeng

Social Media an d’Gemengen
21/08/2017 14:00
 

Lount sech Social Media fir meng Gemeng?

Ob dir fir eng kleng Gemeng am ländleche Raum, eng gréisser Gemeng am urbane Raum oder fir en Syndikat kommunizéiert, d’Statistike maachen eppes kloer, är Bierger, mee och är Partner an är gewielte Vertrieder, sinn online.

​Sie benotze sozial Kanäl zesumme mat Frënn, Kollegen, Firmen, Verwaltungen an anere Bierger, op der Sich no Informatiounen, Recommandatiounen an Entertainment. Wann är Verwaltung net d'Äntwerten op hir Froe liwwert wäert eng vun hire Verbindungen eng Äntwert liwweren. An esou ass et dann heiandsdo wéi déi sougenannte Fake-News, oder wéi mir et soss genannt hunn, Rumeuren, entstinn.

Dir hutt als Verwaltung déi rar Opportunitéit fir dank sozialen Netzwierker net nëmme richteg an zäitno Informatiounen ze veröffentlechen, mee och fir dësen Informatiounen eng Valeur ajoutée ze ginn an doduerch d'Interaktioun mat der Gemeng souwuel nëtzlech wéi och interessant ze gestalten.

Am beschte Fall schaaft dir duerch eng gutt Kommunikatioun op sozialen Netzwierker nämlech e Grupp vu Leit déi iech och da verteidege wann dir selwer net kënnt do sinn. Ob dat um Staminee, am richtege Liewen, oder online ass, dëse Grupp vu „Fans" erlaabt iech et är Verwaltung an dat richtegt Liicht ze setzen.

Facebook zielt 2 Milliarden Utilisateuren, Instagram a Snapchat em déi 500 Milliounen, an Twitter bal 400 Milliounen. Wann een sech d'Statistike fir Lëtzebuerg ukuckt, gesäit ee ganz séier, datt 85% vun der Populatioun iwwer 16 Joer op eng​er oder méi Plattforme präsent sinn. 80% vun de Residenten sinn op Facebook.

D'Transitioun vun enger passiver Web-Kommunikatioun zu enger interaktiver sozialer Kommunikatioun ass net trivial a bréngt eng Rei Ännerunge mat sech. Mee am Joer 2017 si mir definitiv iwwert de Stadium eraus wou eng reng Websäit duergeet fir all seng Bierger z'erreechen an z'informéieren. Einfach de Kapp an de Sand stiechen an d'Diskussiounen online z'ignoréiere ka laangfristeg net méi gutt goen.

Notzt dofir d'Opportunitéit fir méi no bei är Bierger ze kommen a fir besser mat hinnen ze kommunizéieren. Dëst ass déi effektivst Method fir d'Circulatioun vu falschen Informatiounen ze verhënneren an et erlaabt iech är Bierger méi einfach a méi séier um Lafenden ze halen.

  • Support

    Contacter le support

    35 00 99-444
    support@sigi.lu

  • Contact

    Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique

    6, rue de l'Étang
    L-5326 Contern

    BP 63
    L-5201 Sandweiler

    35 00 99-1
    contact@sigi.lu

    Lundi à Vendredi

    08:00 à 12:00
    13:00 à 17:00

    SIGI Nord

    4, Lisseneck
    L-9377 Hoscheid