Skip Navigation LinksLuigi-D’Amato,-Xcom-Pionéier

Luigi D’Amato, Xcom-Pionéier
11/07/2017 14:00
 

Zanter 20 Joer am Asaz fir d’Lëtzebuerger Gemengen

De Luigi D’Amato schafft zanter bal 20 Joer um SIGI. Deemools nach am Gebai vum Centre informatique op der Stater Gare, hu just eng Dose Leit fir de SIGI geschafft – keen Internet, keng Emailen, an op Windows 3.11.

​De Luigi ass als Analyste 1998 bei d’Team gestouss an bis haut dem Informatikssyndikat trei bliwwen. Zäit, sech mat engem engagéierten Mataarbechter iwwert seng Aarbecht beim SIGI ze ënnerhalen.​

Pionéiergeescht um SIGI

Ech sinn 1998 als Programmeur an Analyst agestallt ginn, mä et huet sech séier sou erginn, dass ech net nëmmen d'Bedürfnisser vun den deemolege Membere vum SIGI analyséiert hunn, mä se och direkt a Programmer ëmgesat hunn.

Ech hu gekuckt „Wéi geet dat? Wéi rechens de dat?". Dann hunn ech gekuckt, op et deem entsprécht, wat de Client brauch, ech hu selwer getest, entwéckelt, Formatioune ginn. Ech hunn einfach alles vun A bis Z eleng gemaach.

Vipcom fir d'Personalitéite vun der Gemeng hunn ech an engem Dag geschriwwen, allerhéchstens zwee, sou eppes ass haut net méi denkbar.

X-Man

D'Iwwerleeung deemools war, dass déi Saachen, déi net kënnen am Gescom gemaach ginn mat separaten, onofhängege Programmer ofgedeckt ginn. Well net genuch Zäit do war, fir alles am Gescom ze integréieren, sinn dat Programmer à part gewiecht. Sou hunn ech déi ganz Serie vun de sougenannte „Xcomen" gemaach. Ech hunn einfach ëmmer de Sujet vum Programm geholl, a „com" drugehaangen. Sou huet alles ugefaangen.

Dat huet Spaass gemaach, an et ware ganz ënnerschiddlech Themen. Sou hunn ech z.B. ee Programm fir d'Facturatioun vum Camping fir Esch-Sauer gemaach, well si hire Camping als Gemeng geréiert hunn. Mer hate wuel e Facturatiounssystem am Gescom, mee d'Besoine vum Camping waren anescht, sou dass mer en eegene Programm gemeet hunn. Oder 2004 den Elcom, e Programm fir d'Resultater vun de Gemengewahlen ze errechnen. Well e lokal op engem PC leeft an déi mannste Wahlbüroen Internetaccès hunn, gëtt en haut nach ëmmer benotzt. De Chassecom vun 2001 leeft och haut nach als lokale Programm separat vum Gescom. E gëtt nämlech och vu Privatleit benotzt, déi natierlech keen Zougrëff ob eng SIGI Webapplikatioun hätten.

Zwou Wochen Entwécklungszäit – 20 Joer am Asaz

Mai Lieblingsprojet ass wahrscheinlech den alleréischten, deen ech um SIGI programméiert hunn, de Cimcom. Fir d'Kierfechter ze verwalten, haten d'Gemengen zu där Zäit e Programm vun enger franséischer Firma benotzt, Osiris, deen immens komplex war an och net op d'Besoine vun de Lëtzebuerger Gemengen agaangen ass.

Dofir ass ënner anerem d'Gemeng Suessem 1998 op eis zoukomm an huet gefrot, op mer hinnen eppes Eegenes entwéckele kéinten. Well déi Iddi och bei anere Membere gutt ukomm ass hunn ech eng Analyse gemaach, mat wat genee gebraucht gëtt, an du vu Grond op alles selwer nei entwéckelt – awer just déi wichtegste Punkten emgesat, fir et einfach a praktesch ze halen.

Vum Cimcom hu mer innerhalb vun 20 Joer just dräi verschidde Versioune gemaach, wat wierklech net vill ass. Dat heescht awer ëmgekéiert och, dass d'Leit zefridde ware mam SIGI sengem Programm, dee mer zesumme mat de Gemengen entwéckelt haten.

Dobäi hat ech mol net laang drun entwéckelt, vläicht zwou Wochen! Wann ee kuckt, wat een haut an zwou Woche mécht, dann ass d'Analyse mol net fäerdeg. D'Aart a Weis fir ze schaffe, war anescht. Haut muss de SIGI d'Besoine vun 104 Membersgemenge berécksiichtegen, an déi Besoine ginn ëmmer méi komplex.

D'Bedürfnisser vum Service technique adresséieren – bei Null ugefaangen

De Bâticom, deen am Joer 2002 eraus koum, war allerdéngs net schon an zwou Woche fäerdeg, well mer do vill Demanden haten a vill Funktionalitéiten integréiert hunn. Mä och do: Ech hunn ugefaange ze kucken, wat gebraucht gëtt an et duerno lues a lues ausgebaut.

Eng Kritik, déi Zäit um SIGI war, dass mir eis just em de Gescom fir d'administrativt Personal këmmeren, an d'Bedürfnisser vum Service Technique net adresséieren. Eng Demande vun hinne war et, e Programm fir d'Baugeneemegungen ze kréien.

Mer hu Conseils techniques gemaach, wou mer verschidden Techniker vun de Gemengen invitéiert haten fir eraus ze fannen, wat se brauchen, wat feelt, mat wat sie am Alldag schaffen. Mä mer hate guer näischt als Basis, do hunn ech nees bei Null ugefaangen!

Et war allerdéngs eng Erausfuederung op béide Säiten, well d'Techniker och net gewinnt waren, mam SIGI zesummen ze schaffen. Jiddereen hat eng aner Usiicht, dunn hunn ech missen déi global Idee eraus sichen an dat ëmsetzen.

De Bâticom war am Ufank onofhängeg vum Gescom. Mä eng Adress ass awer ëmmer déi selwecht, sou dass sech verschidde Saachen doubléiert hunn. Saachen, déi et zwar fir de Gescom scho gouf, mä vun deenen de Bâticom näischt hat. Dann huet ee verschidde Saachen u sech zwee mol erfonnt. Dat ass schon e bëssen Opwand.

Mä et war ëmmer geplangt, dass de Bâticom eng Kéier géif an de Gescom integréiert ginn, dat wier just iwwergangsweis. Aus dräi bis véier Joer sinn et awer dunn eng gutt Dose Jore ginn bis et Realitéit war.

​War an den 20 Joer e besonnesche Moment wou een sech gär drun erënnert?

Ech hunn eng Anekdot, un déi ech mech haut nach gär erënneren.

Bei den Xcomen hat den Access e Programm integréiert, mat dem een d'Menüe fir seng Applikatioun erstallt huet. Wie Microsoft dunn op eng nei Versioun gewiesselt ass, war op emol net méi alles kompatibel.

D'Leit an de Gemengen hu mech ugeruff: „Weess de schon, dass déi nei Versioun vum Access eraus ass an däi Cimcom an déi aner Xcome net méi ginn!? Du muss elo deng Programmer nei schreiwen!" Duerno huet sech awer séier erausgestallt, dass de SIGI Menüprogramm ouni Problemer am neie Windows gelaf ass. Ech hat de Programm nämlech scho virdrun ëmgeschriwwen, well verschidde Saachen net optimal op d'Bedürfnisser vum SIGI zougeschnidde waren. Mir hunn dunn de SIGI-Membere gesot, se sollen eise Menüprogramm an hiren Access setzen, da géif e rem lafe wéi virdrun. Do huet jidderee bësse gestaunt, mee dat huet geklappt.

Microsoft hätt gäre kinnte bei eis knäipen.

  • Support

    Contacter le support

    35 00 99-444
    support@sigi.lu

  • Contact

    Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique

    6, rue de l'Étang
    L-5326 Contern

    BP 63
    L-5201 Sandweiler

    35 00 99-1
    contact@sigi.lu

    Lundi à Vendredi

    08:00 à 12:00
    13:00 à 17:00

    SIGI Nord

    4, Lisseneck
    L-9377 Hoscheid