Skip Navigation LinksVu-Verlautbarungsplattformen-zu-dauerhafte-Relatioune-mat-de-Bierger

Social Media an d’Gemengen
07/08/2017 14:00
 

Vu Verlautbarungsplattformen zu dauerhafte Relatioune mat de Bierger

„Social Media“ ass eng Method fir ënnerteneen online ze kommunizéieren an z’interagéieren. Et gëtt „sozial“ genannt well et ebe keng Verlautbarungsplattform ass wou just Pressecommuniquéen oder Avis’e verëffentlecht gin.

​An de soziale Medie kenne villméi all d’Acteuren ënnerteneen diskutéieren  an op dës Publikatioune reagéieren. A grad dësen Aspekt ass fir Gemengen immens wichteg. Et geet net duer sozial Netzwierker als verlängerten Aarm vun engem kommunale Reider ze gesinn, och wann dës Fonctioun deelweis erfëllt gëtt. Villméi geet et dorëms no ze lauschteren a mat de Leit ze kommunizéieren.

An de leschte Jore gouf et ëmmer méi einfach fir Contenu ze diffuséieren. Wou ee virun den 1990er Joren eppes huet mussen drécke loosse fir et dann ze verdeelen, een an den 90er huet mussen Techniker sin fir eng Websäit z’ënnerhalen, an Ufanks den 2000er nach den eegene Site oder Blog néideg war fir eppes ze deelen, ass et dank Facebook, Twitter, LinkedIn an Instagram haut esou einfach wéi eng Foto ze maachen. Duerch dës Verännerungen innerhalb vu manner wéi 30 Joer huet sech eis Aart a Weis wéi kommunizéiert a kommentéiert gëtt verännert.

Och datt een haut säi Smartphone ëmmer an iwwerall derbäi huet, huet d’Aart a Weis wéi mir, mee och wou mir, kommunizéieren dramatesch geännert. Haut gëtt net méi nëmmen an der Rou vum Büro oder der Stuff e Bréif geschriwwen oder op der Gemeng ugeruff, haut gëtt während ee beim Bäcker op säi Kaffi waart well déi éischt Facebook Messagen an Tweets geschriwwen.

Aus enger Verlautbarungskommunikatioun, wou ee schwätzt an déi aner nolauschteren, ass eng sozial Diskussioun ginn, wou jidderee mat jidderengem op Aenhéicht ka schwätzen an diskutéieren. Do derbäi kënnt d’Vitesse mat däer dëst méiglech gëtt. Wou fréier eng Äntwert och mol huet dierften Deeg brauche gëtt sech haut eng méi séier Kommunikatioun erwaart.

D’Gemenge kënne vun dëse Verännerunge profitéieren andeems d’sozial Medie genotzt gi fir méi Bierger vun der eegener Gemeng um Lafenden ze halen, nei Bierger op d’Gemeng opmierksam ze maachen an, do wou et Sënn mécht, och den Tourismus an der Gemeng z’ënnerstëtzen.

Déi richteg Valeur vu Social Media läit nämlech doranner datt een net nëmmen eppes kommunizéiert, mee laangfristeg an dauerhaft Relatioune mat senge Lecteuren opbaue kann déi bei traditionelle Kommunikatiounsforme schwiereg waren. Dëst erlaabt et grad de kommunale Verwaltunge fir méi no bei de Bierger ze sinn.​​​

  • Support

    Contacter le support

    35 00 99-444
    support@sigi.lu

  • Contact

    Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique

    6, rue de l'Étang
    L-5326 Contern

    BP 63
    L-5201 Sandweiler

    35 00 99-1
    contact@sigi.lu

    Lundi à Vendredi

    08:00 à 12:00
    13:00 à 17:00

    SIGI Nord

    4, Lisseneck
    L-9377 Hoscheid