Skip Navigation LinksWéi-eng-Contenuen-fir-Social-Media

Social Media an d’Gemengen
26/09/2017 14:00
 

Wéi eng Contenuen fir Social Media?

Social Media ass vill méi wéi nëmme Marketing a wann een seng Strategie richteg applizéiert, da kann all Deel vun enger Organisatioun dovunner profitéieren.

Ob an de Beräicher „Kontakt mam Bierger", „Bier​​gerbedeelegung", „Ressources Humaines" oder der klassescher Kommunikatioun, Social Media kann an all dëse Beräicher positiv Effekter fir är Verwaltung generéieren.

Wann dir är Outil'en richteg asetzt a gläichzäiteg kuckt no wat dir op sozialen Netzwierker ëmmer erëm gefrot gitt a wat op sozialen Netzwierker iwwert iech geschwat a gedeelt gëtt, dann erliichtert iech dat d'Aarbecht fir gezielt Contenuen ze schafen déi är Community liese wëll oder liese sollt fir iech besser ze verstoen. Iddien fir Inhalter kann een graff an 3 Kategorien aklasséieren:

Léieren a besser schaffen

Dëse Contenu hëlleft ärer Community besser mat ären Outil'en (wann et z.B. e Logiciel oder e Prozess ass oder awer wéi Bierger besser participéiere kënnen) ëmzegoen oder méi effizient an ärem Kontext ze schaffen (z.B. am Kader vun engem Ofwaassersyndikat).

Erfuersc​​​hen an e​​ntdec​ken

Är Community ass virwëtzeg a wëllt verstoen wéi eng Gemeng oder eng Verwaltung fonctionnéiert. Souguer déi banaalsten Prozesser klengen fir een deen sech net domadder ausenanersetzt interessant. Z'erklären wéi eng Schrëtt bei enger neier Umeldung am Hannergrond lafen kann genee sou interessant sinn wéi ze weisen wéi Panneauen bei engem Chantier gesat ginn.

Froe​​n an Äntw​​erten

Dëst ass déi einfachste Kategorie vu Contenuen well een u sech just op Froen vun äre Bierger muss agoen an dës op eng verständlech Aart a Weis beäntwerte muss. Dëst erlaabt iech op einfach Manéier dem Bierger direkt ze hëllefen an doduercher är Community weider auszebauen.

Do dernieft sollt dir och net vergiessen op är Community ze lauschteren, reagéiert wann eppes geschriwwe gëtt, setzt Prozesser a Plaz fir aus deem Geschriwwenen eng valeur ajoutée fir är Kommunikatioun ze maachen.

Och offline z​​ielt!

Heiansdo lount et sech och fir Froen déi online ëmmer erëm gestallt ginn an traditionellen Kommunikatiounskanäl nach eemol ze beäntwerten, well är online Community ass representativ fir är Populatioun, mee leider erreecht een ni 100% vun dëser op nëmmen engem Kanal. Wann zum Beispill Froen zu engem neien Taxereglement opkommen, lount et sech dës net nëmmen op engem Kanal ze beäntweren, mee op all Kanal, ob online oder offline.​​​

  • Support

    Contacter le support

    35 00 99-444
    support@sigi.lu

  • Contact

    Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique

    6, rue de l'Étang
    L-5326 Contern

    BP 63
    L-5201 Sandweiler

    35 00 99-1
    contact@sigi.lu

    Lundi à Vendredi

    08:00 à 12:00
    13:00 à 17:00

    SIGI Nord

    4, Lisseneck
    L-9377 Hoscheid