Accueil - 4 Joerzéngten am Déngscht vun de Gemengen an hire Bierger

4 Joerzéngten am Déngscht vun de Gemengen an hire Bierger

E ronne Gebuertsdag ass ëmmer e Moment fir zréckzekucken, op dat wat een erreecht huet, mä awer och, fir novirzekucken. An dat hate mir op der Feier vum SIGI sengem 40. Anniversaire gemaach.

E ronne Gebuertsdag ass ëmmer en emotionale Moment, fir zréckzekucken op dat, wat een erreecht huet, an och op déi Persounen, déi ee begleet hunn. Dëst hu mir gemaach bei der Feier vum SIGI sengem 40. Anniversaire, den 28. Abrëll am Tramsschapp, zesumme mat ronn 300 Invitéeën.

D’Feier stoung ënner dem Motto “E Bléck an eis Geschicht, e Bléck an Är Zukunft” a mir haten d’Geleeënheet, op déi Momenter zréck ze kommen, déi de SIGI, an och d’Lëtzebuerger Gemengen an de leschte 40 Joer gepräägt hunn. An dësem Artikel fannt Dir flott Andréck vun der Feier.

Bei der Preparatioun vun dësem Anniversaire gouf et eis nees eng Kéier bewosst, wéi eenzegaarteg dem SIGI säi Modell ass. Dank dem Prinzip vun der Zentralisatioun gouf aus dem SIGI eng success story, well dës Zentralisatioun dem SIGI et a senge 40 Joer Geschicht erlaabt huet, Stabilitéit, Sécherheet, Solidaritéit an Effizienz an der Gestioun vun den informatesche Métiersléisunge vun de Gemengen ze garantéieren.

D’Erausfuerderunge vu muer sinn net manner grouss wéi déi an der Vergaangenheet. Net nëmmen den informatesche Secteur evoluéiert mat héijer Vitess, mä d’Ufuerderunge vun de Bierger un hir Gemenge ginn och ëmmer méi grouss. De SIGI wëllt de Gemengen e staarke Partner sinn, fir dës digital Transformatioun unzegoen, an zesummen déi richteg Léisungen ze entwéckelen. An d’Kärstéck vun dëser Transformatioun ass SIGINOVA, eng Solutioun made in Luxembourg, moossgeschneidert op de kommunale Secteur.

SIGINOVA ass haut scho fir Iech am Asaz, wéi zum Beispill am Service Achats mat der Facturation électronique an der Gemeng Käl/Téiteng. Dëse Projet weist och, wéi flexibel SIGINOVA sech un nei legal Situatiounen upasse kann.

Ech wëll op dëser Plaz nach eng Kéier e grousse Merci soen, un all déi Leit, déi dem SIGI an deene 40 Joer hiert Vertraue geschenkt hunn, an esou derzou bäigedroen hunn, dass dem SIGI seng Léisungen haut am Asaz vun iwwert 600.000 Bierger sinn.

Ech wënschen Iech vill Freed beim Liese vun dëser Newsletter.

Yves Wengler,

President