Accueil - 40 Joer SIGI – 4 Joerzéngten am Déngscht vun de Gemengen an hire Bierger

40 Joer SIGI – 4 Joerzéngten am Déngscht vun de Gemengen an hire Bierger

Den 28. Abrëll huet de SIGI am Tramsschapp, a Presenz vun der Inneministesch Taina Bofferding an dem delegéierte Minister fir Digitalisatioun, Marc Hansen a mat iwwer 300 Gäscht aus de Gemengen, Gemengesyndikater, Offices sociaux, verschidde Ministèren a Partenairë säi 40. Anniversaire gefeiert.

Duerch de ganzen Owend haten d’Invitéen d’Geleeënheet dem SIGI seng Geschicht ënnert verschiddene Perspektiven ze erliewen, déi seng leschte 4 Joerzéngte gepräägt hunn. De SIGI huet an dëser Zäit vill ënnerschiddlech Erausfuerderungen, vun technologescher, politescher an och gesellschaftlecher Natur misste meeschteren.

D’Grënnung vum SIGI duerch d’Gemengen Esch-Uelzecht, Réimech a Wolz am Joer 1982 louch de Besoin zu Gronn, d’Gemengen an hier Servicer fir de Bierger ze informatiséieren. Opgrond vun der legaler Basis vun engem Gemengesyndikat, war et méiglech den néidege Kader fir dës néi Struktur ze etabléieren. De solidaresche Gedanke fir de kollektiven Effort an eng gemeinsam Entwécklung vu Léisungen ze notze war domat garantéiert.

D’Ufäng vum SIGI waren duerch turbulent Zäite gezeechent, duerch eng gewësse Retizenz vun eenzele Gemenge fir mat der Entwécklung matzegoen. D’Visioun vum François Schaack als éischte President vum SIGI huet deemools dozou bäigedroen déi Defien ze meeschteren an de SIGI mat opzebauen.

Ënnert der Presidence vum Yves Wengler ass d’Zentralisatioun vun den informatesche Systemer emgesat gi, an et konnt un de Léisunge fir déi verschidde kommunal Métiere geschafft ginn, wéi mer dat haut nach kennen. Zousätzlech goufen eng ganz Rei vun nationalen inter-administrative Projete lancéiert, déi de SIGI a Kollaboratioun mat verschiddene Ministèren ëmgesat huet. De Projet Chèques-Service Accueil (CSA), d’EnerCoach Plattform fir d’compatbilité énergétique oder méi rezent d’Klima-, Logements- an Naturpakte sinn exemplaresch fir dem SIGI seng Expertise. Des Projeten hunn all en Impakt ; sief et soziologesch wéi beim CSA oder ökologesch wéi am Fall vum KLimapakt an EnerCoach déi eng nohalteg Klimapolitik ënnerstëtzen. Den EnerCoach Projet gouf 2021 mam europäeschen EPSA Award an der Katégorie Green Public Administration ausgezeechent, eng Première fir de Lëtzebuerger ëffentleche Secteur.

Technologesch Entwécklung

De SIGI huet déi technologesch an digital Entwécklung vum Lëtzebuerger Gemengesecteur maassgeeblech markéiert. Duerch d’Zentralisatioun an d’Expertise vun eisen engagéierte Kollaborateuren, war et méiglech innovativ Léisungen ze kreéieren. Dëst ass schonn 2007 mam GESCOM gelongen, eng fiabel, sécher a stabil Léisung, an där 44 Métiers-produiten entwéckelt gi sinn déi op d’Besoine vun de Lëtzebuerger Gemengen ausgeriicht waren.

2020 huet de SIGI mat SIGINOVA en weidere wichtege Schratt geholl. Mat der Kreatioun vun enger eegener Programméiersprooch a Métiersplattform, kënne Métiersléisunge méi séier an enger kollaborativer Approche an no enger eegener Method entwéckelt ginn. Zousätzlech erlaabt den Open-source méi onofhängeg vu Lizenzkäschten ze ginn. Et ass elo méiglech de Clienten en Produit unzebidden, dee zukünfteg wäert erlabe Métiersproduiten am Co-Design zesumme mat hinnen ze entwéckelen.

Yves Wengler, President vum SIGI a senger Ried: « Mat SIGINOVA ass de SIGI optimal opgestallt fir d’Erausfuerderungen déi d’digital Transformatioun vum Gemengesecteur mat sech wäerte bréngen, ze meeschteren ! »

Am Documentaire “ E Bléck an eis Geschicht, e Bléck an Är Zukunft ” goufen zur Feier vum 40. Anniversaire déi grouss Etappe vum SIGI senger Geschicht a Bild an Toun retracéiert. Gitt och Dir mat op eng Rees duerch 4 spannend Joerzéngten.