
Optimiséiert Ären Internetsite
Ronn 20 Gemenge benotze mëttlerweil d’WordPress-Solutioun vum SIGI fir d’Gestioun vun hirem Internetsite. D’Gemenge schätzen déi schnell an einfach Installatioun, de modulären Opbau deen d’Benotzerfrëndlechkeet verbessert an déi flexibel Upassung un hir Besoinen.
Och wa WordPress d’Gestioun vun engem Site immens vereinfacht, gëllt et verschidde Rotschléi ze berécksiichtegen. Esou sollen zum Beispill Dokumenter, déi een iwwer de Site erofluede kann, keen ze grousse Volummen hunn. Mir recommandéieren allgemeng eng maximal Gréisst vun 10 Megabyte.
Vill Gemenge benotzen hiren Internetsite an dëse Méint fir d’Presentatioun vun hirem Plan d’Aménagement Général (PAG), wou natierlech grouss Dokumenter, wéi zum Beispill Pläng gebraucht ginn. Fir dëse Fall rode mir Iech:
- Lued grouss Dokumenter (méi wéi 10-15 MB) net an de WordPress-CMS, mä benotzt de SIGIdrive a verlinkt d’Dokumenter op Ärem Site
- Maacht Ënnerdeelungen an der Navigatioun vum Site an deelt d’Dokumenter op (Partie écrite, Partie graphique, Avisen, asw.)
- PDF-Dokumenter kënnen fir d’Benotzung am Internet optimiséiert ginn. Am Adobe Acrobat ginn et verschidde Méiglechkeeten, an et ginn och weider Outilen, déi dat erméiglechen.
Och bei der Benotzung vu Biller a Fotoen gëllt et op verschidden Aspekter opzepassen :
- Passt d’Opléisung vun der Foto der Benotzung un. Fir eng grouss Foto maximal 1024 dpi (dots per inch), fir eng kleng Foto ginn 200 dpi duer.
- Fir d’Luede vun de Biller ze vereinfachen : maximal 500kb
- Idealerweis sollte Fotoen am Format Jpeg benotzt ginn, mat engem RGB-Faarfprofil (Red Green Blue) a fir Responsive Design optimiséiert sinn.
- Gitt Äre Biller en Numm, dee ka vun engem „Screen Reader“ erkannt ginn
WordPress bitt Iech verschidde kleng Programmer, sougenannten Plug-ins un, déi Iech hëllefen, Är Fotoen ze optimiséieren.
D’Virdeeler vun dësen „best practices“ si folgend:
- Dir spuert Plaz op Ärem Server, wouduerch Dir Käschte méi niddreg hale kënnt
- Ären Internetsite ka vum Utilisateur méi séier geluede ginn, wat zu enger méi héijer Zefriddenheet bäidréit
- Am Referencement bei de Sichmaschinne kritt Äre Site e bessert Resultat