
Äre Partner an der Finanzplanung an der Post-Covid19 Zäit
Déi rezent Circulaire vum Ministère de l’Intérieur weist den Impakt vun de Repercussiounen vun der Kris op d’Gemengefinanzen, mat engem Abroch bei den FDG-Recette souwéi bei der Gewerbesteier.
Dowéinst ass et essentiell, dass Dir hei am Land e kompetente Partner un ärer Säit hunn. Mat Hëllef vum Fënnefjoresplang (Plan Pluriannuel Financier) an aneren Instrumenter kënne mir Iech ënnerstëtze fir ënnerschiddlech Zenarie vum Best case bis hin zum Worst case duerzestellen.
Eis Léisungen erméiglechen et haut schonn, méiglech Krisenimpakter ze simuléieren. Doduerch kritt Dir d’Méiglechkeet fréi a richteg ze agéieren zum Beispill bei der Investitiounsplanung oder de Fonctionnementskäschten. Esou sidd Dir bei méigleche Revenusausfäll virbereet an hutt nach Marge de manoeuvre an der Gestioun vun äerem Budget.
E reegelméissege Suivi vun de makroekonomesche Parameter, déi en direkten Afloss op d’Gemengefinanzen hunn, erlaben et Iech gutt duerch dës schwiereg Zäiten ze manövréieren.
Kontaktéiert eis, wann Dir Ënnerstëtzung braucht oder Froen dozou hutt.