Accueil - De SIGI huet seng PSDC an ISO 27001 Zertifizéierung fir 3 Joer erneiert.

De SIGI huet seng PSDC an ISO 27001 Zertifizéierung fir 3 Joer erneiert.

Säit 2018 ass de SIGI PSDC an ISO 27001 zertifiéiert a war domat 2018 déi éischt lëtzebuergesch Administratioun, déi PSDC-C zertifiéiert gouf.

“Dematerialisatioun an d’Conservatioun  ass e wichtegen Deel vun der digitaler Entwécklung vun de Gemengen. Ech freeë mech dass de SIGI fir dräi weider Joer déi héchsten Zertifizéierung als Prestataire vu Servicer PSDC-C attribuéiert krut.” seet den Yves Wengler, Präsident vum SIGI.

Säit 2018 ass de SIGI PSDC (prestataire de services de dématérialisation ou de conservation) an ISO 27001 zertifiéiert a war domat 2018 déi éischt lëtzebuergesch Administratioun, déi PSDC-C zertifiéiert gouf.

Duerch dës Zertifizéierung bitt de SIGI de Gemengen e standardiséierte Service fir d’Conservatioun vun hiren Dokumenter un, deen duerch déi legal Virgabe vum PSDC Status zertifiéiert ass. Esou hu Rechnungen, déi vun de Gemenge verschéckt an elektronesch archivéiert ginn, déi nämmlecht legal Basis wéi Rechnungen, déi traditionell op Pabeier archivéiert ginn.

Dëse Service vum SIGI erlaabt et de Gemenge Geld anzespueren, andeems Investissementer an en Archivage an d’Maintenance vun dësem, ewechfalen. En weidere Virdeel besteet doran dass Rechnunge  wärend deem fir den Archivage virgeschriwwene  gesetzlechen Delai,  méi séier a méi einfach kennen erëmfonnt ginn. D’PSDC-C Zertifizéierung garantéiert doriwwer eraus och d’Integritéit vun alle stockéierte Fichieren, soudass se kënnen d’selwecht wei e pabeiers Dokument gehandhaabt ginn.

Dës Zertifizéierung muss all 3 Joer am Kader vun engem externen Audit bestätegt a verlängert ginn, fir kënne valabel ze bleiwen.

Interesséiert Gemengen, déi dëse Service wëllen notzen, kënnen de SIGI kontaktéiere fir eng Konventioun ze ënnerschreiwen.

Communiqué de presse: Renouvellement de la certification PSDC