Dateschutz vun Ärem Internetsite
Reaktioun op d’Verännerung vum legale Kader
Zënter der Entscheedung vum Europäesche Geriichtshaff vum Juli 2020, fir de „Privacy Shield“ ausser Kraaft ze setzen (méi Informatiounen op https://noyb.eu), sollen Internetsitte vun europäeschen Entreprisen, Associatiounen oder Administratioune just nach Donnéeë un us-amerikanesch Firmen iwwermëttelen, wann e separate Kontrakt doriwwer besteet.
Fir d’Internetsitte vun de Gemengen, déi am Optrag vum SIGI an op Basis vu WordPress oder CMS’15 geréiert ginn, bedeit dat, dass mir sämtlech Interaktioune mat externen Applikatiounen, déi ënnert dëse Privacy Shield falen, ënnerbonnen hunn. Déi vum SIGI geréiert Sitten entspriechen also den neien an aktuelle gesetzleche Virgaben.
Esou bitt de SIGI net nëmmen eng zolidd Expertise am Beräich vum Design, dem Opbau vum Contenu an der technescher Entwécklung un, mee e kann och deen ëmmer méi komplexe legale Volet ofdecken.
E wichtegen Aspekt bei der Gestioun vun engem Internetsite sinn déi sougenannte „Cookies“. De Visiteur vun engem Site muss sech averstane weisen, dass dës kënne benotzt ginn. De SIGI huet elo op alle vun eis betreite Sitten deen Outil agesat, deen den aktuellen Recommandatiounen entsprécht.

Analyse vum Benotzerverhalen fir den Inhalt ze verbesseren
Esou hu mir zum Beispill den Outil „Google Analytics“ desaktivéiert, a recommandéieren eng aner Léisung, déi GDPR-konform ass, fir d’Statistike vun Ärem Internetsite ze erfaassen. Dësen Outil bitt dem Gestionnaire vum Site d’Méiglechkeet, fir d’Verhale vun den Notzer vum Site ze analyséieren, dëst ausschliisslech op Basis vu statisteschen Erhiewungen, an net vu perséinlechen Donnéeën.
Duerch dës Analyse kann eng Gemeng nach besser op d’Interessen vun hireBierger agoen, an déi Inhalter no vir setzen, déi fir de Bierger wichteg sinn.
Accessibilitéit
Zënter Ufank 2020 bitt de SIGI senge Memberen Internetsitten op Basis vu WordPress un. Nieft der einfacher Installatioun an dem modernen Design, entspriechen dës Internetsitten och de W3C Standarde fir d’Accessibilitéit. Eng Gemeng, déi hire Site zesumme mam SIGI ausschafft, kritt esou eng Charte d’accessibilité zur Verfügung gestallt, fir dass den Internetsite och fir déi Bierger zougänglech ass, déi Problemer mat der Vue hunn.
Op des Aart a Weis kann de Gemengesecteur vun zäitgeméissen an einfache Léisungen profitéieren, déi allen Ufuerderungen fir eng modern Kommunikatioun mam Bierger entspriechen.