Wéi gesäit den digitale Gemengesecteur vu muer aus? Fir mat Iech zesummen iwwert dëse wichtegen Thema ze schwätzen, invitéiert de SIGI Iech op eng vu fënnef regionale Reuniounen!

Fir Är Gemeng optimal op déi digital Zukunft virzebereeden, sti mir iech als zouverlässege Partner zur Säit.

A fënnef Reuniounen, déi mir am ganze Land organiséieren, invitéiere mir d’Gemengevertrieder  fir mam Carlo Gambucci a senger Ekipp iwwert déi digital Erausfuerderunge vun haut a vu muer am Gemengesecteur ze diskutéieren.

 

No der Reunioun invitéiere Mir Iech op  en Éierewäin an e gudde Maufel.
Dës Reunioune ginn ënnert dem Covidcheck Regime ofgehalen an dofir sinn d’Plazen och limitéiert.

Umelle kënnt Dir Iech einfach op sigi.lu oder per Mail op roadshow@sigi.lu.