Accueil - D’Ressources humaines, en neie Service am SIGINOVA

D’Ressources humaines, en neie Service am SIGINOVA

Den Domaine vun de Ressources humaines (RH) ass e wichtege Service an der Réécriture vu GESCOM op SIGINOVA a bitt de Gemengen eng Rei Virdeeler.

Aktuell sinn am SIGINOVA d‘Servicer vun de Posten, dem Personal, den Unités organisationnelles, dem Recrutement an och deelweis der Gestion des objectifs entwéckelt ginn. Dës Servicer befannen sech am Moment an enger Testphase a gi vun der Administratioun vum SIGI benotzt. En éischte Conseil technique mat 4 Gemengen an engem Syndikat war den 3. Mee 2022. Dobäi goufen d’Prioritéiten an d’Besoine bei der Gestioun vun de Posten, dem Personal, de Karriären, de Finanzen, dem Salaire an der Gestion par objectifs festgehalen.

Allgemeng gouf de Besoin vun de Gemenge bestätegt, fir eng performant an integréiert Léisung ze hunn, déi hinnen eng gutt Gestioun vun hire Ressources humaines erméiglecht.

De grousse Virdeel vun den RH-Léisungen am SIGINOVA läit an der Integratioun mat den aneren Elementer vun der kommunaler Gestioun, déi och am SIGINOVA enthale sinn.

E Beispill dofir ass d’Kreatioun vun de Posten, fir déi et am Viraus en Accord vum Schäfferot resp. dem Gemengerot brauch. Dës Poste kënnen also a SIGINOVA RH kreéiert ginn, an dann iwwer d’Léisung Séances direkt dem Gemengen- oder Schäfferot fir Accord virgeluecht ginn.

En anert Beispill ass d’Preparatioun vum Budget, wou déi Informatiounen, déi an den RH-Servicer vu SIGINOVA enthale sinn, direkt kënne benotzt ginn. Sou kënnen zum Beispill déi Posten, déi am Budget enthale solle sinn, direkt aus dem Service Postes iwwerholl ginn. An de Service vun den Unités organisationnelles, an deem all d’Informatiounen aus der Gemeng hirem Organigramm enthale sinn,  vereinfacht de Verantwortlechen d’Zesummenaarbecht beim Erstelle vum Budget.

Dësen Niveau vun Integratioun ass natierlech nëmme méiglech, well d‘Servicer ronderëm d’Ressources humaines am SIGINOVA integréiert sinn. Dës Integratioun erlaabt et de Gemengen esou fir eng käschtegënschteg  Léisung ze hunn (keng Integratioun vun enger externer Plattform, keng Lizenzkäschten) déi hire Besoinen entsprécht.

Wann Dir u weideren Informatiounen iwwert eis Servicer vun de Ressources humaines interesséiert sidd, da kontaktéiert de Jean-Louis Vitali iwwer Mail op jean-louis.vitali@sigi.lu.