Léif Lieserinnen, léif Lieser,

Ech freeë mech, fir Iech haut de SIGI4You virzestellen. Eis Newsletter huet elo en neie Look a gëtt all dräi Méint als elektronesch Versioun publizéiert.
Si bitt Iech vill interessant Sujeten, wéi z.B. d’Aktualitéit vum SIGI an eis zukünfteg Projeten, Informatiounen iwwert eis Produiten, déi mir fir déi verschidde Metiere vun de Gemengen entwéckelen, an och e puer méi unterhaltsam Elementer.
De SIGI huet sech vill virgeholl fir 2019. Dës Publikatioun steet am Zeeche vun der interner Restrukturatioun mat Kompetenzzenteren, déi onbedéngt noutwendeg war, fir déi strategesch Ziler, déi de Comité definéiert huet, ëmzesetzen.
An engem Interview mam Carlo Gambucci ginn déi grouss Linne vun der neier Organisatiounsstruktur an der zukunftsorientéierter Strategie vum SIGI beschriwwen.
An der Rubrik « De SIGI am deegleche Liewe vun de Gemengen » presentéiere mir Iech all Kéiers eng vun eise Léisungen, déi aus dem Alldag vun de Gemenge guer net méi ewechzedenke sinn. Dës Kéier ass et eise Produit EnerCoach, mat deem d’Gemengen e.a. hiren Energieverbrauch erfaassen an iwwerwaache kënnen.
En aneren aktuelle Sujet ass de Partnerschaftsprojet vum SIGI a vum SIDEC, deen am Kader vun der ekologescher Reorganisatioun vun der Gestioun vun den Offäll an de Gemenge vum Norde vum Land virgesinn ass. Nohaltegkeet ass jo en Thema, dee ganz aktuell ass, an de SIGi ënnerstëtzt d’Gemengen dobäi, hiren Deel dozou bäizedroen.
A wéi Dir wësst, hänkt de Succès vun enger Entreprise ëmmer och a groussem Mooss vun hirem Personal of, an dofir gëtt et elo an all Editioun e Portrait vun engem vun eise Mataarbechter, déi all Dag fir Iech do sinn.
Als Gemengesyndikat fir de Beräich Informatik beschäftege mir eis natierlech och vill mat Zukunftstechnologien. Well dat sou e komplexe Beräich ass, siche mir fir all Kéier ee bestëmmten Thema eraus a stellen Iech dozou eng Rei vu Linken zesumme mat pertinenten an interessanten Informatiounen, fir dass Dir Iech an de Sujet aliese kënnt.
Mee fir d’Zukunft gutt virzebereeden, muss een och heiansdo zréckkucken a virun allem seng Imaginatioun an seng Kreativitéit fërderen.
Dofir bitt de SIGI4You Iech zum gudde Schluss e flotte Quiz iwwert d’Soen an d’Seeërcher aus de lëtzebuergesche Gemengen. Eng Geleeënheet fir ze testen, wéi gutt Dir Iech mat deem räiche Schatz un Erzielungen aus eisem Land auskennt a vläicht och, fir Iech e bësse virwëtzeg ze maachen.
An elo bleift mir just nach eppes ze wënschen
Vill Freed beim Liesen
Yves Wengler, President