Accueil - Digitalisatioun an der Gemengereform

Digitalisatioun an der Gemengereform

Digitalisatioun spillt eng Schlësselroll an der Gemengereform. Wéi de SIGI Iech bei dëser digitaler Transformatioun begleede kann, fannt Dir an enger Rei vu Projeten an Temoignagen an dëser Editioun.

An de leschte Woche gouf vill iwwer d’Reform vum Gemengegesetz diskutéiert, sief et an der Chamber, beim SYVICOL oder an der Press. Wien dës Diskussioune verfollegt huet, mierkt, dass nieft juristeschen Detailer eng ganz Rei Schwéierpunkten am Fokus stinn, wéi z.B. d’Stäerkung vun der Autonomie communale, d’Abanne vum Bierger an d’Entscheedungsprozesser esou wéi d’Vereinfachung an d’Digitalisatioun vun administrative Prozeduren.

D’Thema vun der Digitalisatioun betrëfft all Gemengen, an d’Missioun vum SIGI ass et Iech bei dëser digitaler Transformatioun ze begleeden.

Dofir hu mir am SIGINOVA, der neier Plattform fir déi digital Gestioun vun de Gemengen-Métieren, eng Rei essentiel Krittäre festgeluecht, déi ë.a. d’Autonomie communale, Digital Inclusioun an déi nei digital Uspréch vum Bierger adresséieren.

Am Kader vun eise Conseils techniques analyséiere mir, zesumme mat enger Réi vu kommunalen Acteuren, wéi eng intelligent Vernetzung vun Äre Prozesser an eng integréiert Notzung vun Donnéeë kann dozou bäidroen, Är Aarbechtsofleef ze vereinfachen an dem Bierger zousätzlech digital Servicer unzebidden.

De Klimapakt 2.0 ass e gutt Beispill, wéi mir an enger kollaborativer Approche mat de Gemengen, dem Ministère a myenergy, eng national inter-administrativ Plattform definéiert hunn. Zu dësem flotte Projet fannt Dir en Temoignage vu myenergy. Des Weideren deelt eis de Pascal Welter vum Service Population vun der Gemeng Wuermer seng Erfarunge mat, vun der Entwécklung bis hin zum Deploiement vum Produit “Ménages” am SIGINOVA.

Et freet mech, Iech nees kënnen op eise SIGIday anzelueden, op deem Dir en detailléierten Abléck an déi verschidde Produkter vum SIGINOVA kritt esou wéi an déi zukünfteg digital Offer vun eise Léisunge fir de kommunale Secteur. Notéiert Iech elo schonn den Datum vum 16. September.

Ech wënschen Iech eng flott Lektür an e schéine Summer.

Yves Wengler, President vum SIGI