
EnerCoach mam EPSA Award ausgezeechent
Zesumme mat myenergy freet et eis, dass d’EnerCoach Plattform an der Kategorie Green Public Administration beim European Public Sector Award (EPSA) mat der éischter Plaz ausgezeechent gouf, wat eng Première fir de lëtzebuergeschen ëffentleche Secteur duerstellt!
Mat EnerCoach hunn d’Gemengen zanter 2017 eng digital Plattform fir d’Compatbilité énergétique an hirer Gemeng ze féieren. Vum SIGI an Zesummenaarbecht mat myenergy an de Gemengen entwéckelt, erlaabt des Plattform de Gemengen, transparent an zouverlässeg Donnéeën zum Energieverbrauch an der Emissioun vun Treibhausgase vun hiren Infrastrukturen ze erhalen an dës direkt an hir lokal Klimapolitik afléissen ze loossen.
All 2 Joer stellt de European Public Sector Award (EPSA) Projete vun ëffentlechen Administratioune fir, déi nei Solutiounen a Strategien entwéckelt hunn, fir sech esou den ëmmer méi komplexen Erausfuerderungen ze stellen.
De SIGI a myenergy sinn houfreg op dës Auszeechnung, déi weist, dass digital Innovatioun kann een zentrale Facteur sinn an der Entwécklung vun nohaltege Solutiounen am ëffentleche Secteur.
D’Donnéeën aus der EnerCoach Plattform ginn iwwert de SIGINOVA och am neie Pacte Climat 2.0 integréiert.