Accueil - EnerCoach mam EPSA Award ausgezeechent

EnerCoach mam EPSA Award ausgezeechent

EnerCoach gouf mam EPSA, European Public Sector Award an der Kategorie Green Public Administration ausgezeechent.

Mir freeën eis dass d’EnerCoach Plattform mam EPSA, European Public Sector Award an der Kategorie Green Public Administration ausgezeechent gouf. Et ass och déi éischte Kéier dass e Lëtzebuerger Projet aus dem ëffentlechen Sektor déi éischt Platz konnt maachen !

De SIGI a myenergy sinn houfreg op des prestigiéis Auszeechnung, déi weist, dass digital Innovatioun kann een zentrale Facteur sinn an der Entwécklung vun nohaltege Solutiounen am ëffentleche Secteur.

Mam EnerCoach hunn d’Lëtzebuerger Gemenge säit 2017 eng digital Plattform zu hirer Verfügung deen et hinnen erméiglecht transparent a zouverlässeg Donnéeën iwwert den Energieverbrauch an d’Treibhausgasemissioune vun den Infrastrukturen an hirer Gemengen ze erhalen, an hir lokal Klimapolitik ze ënnerstëtzen.

Den EnerCoach ass och am neie Pacte Climat 2.0 integréiert.