Accueil - Eng performant Administratioun, och a Krisenzäiten

Eng performant Administratioun, och a Krisenzäiten

An dësen Zäiten ass et wichteg, dass d’Gemengen kënnen zouverlässeg funktionéieren. De SIGI ënnerstëtzt si dobäi mat enger Rei vu Léisungen. 

Säit dem Fréijoer 2020 war d’Nofro vun de Gemengen no Léisungen, déi am Télétravail kënne benotzt ginn, immens grouss. Eng grouss Erausfuerderung war d’Kommunikatioun mam Bierger, fir zum Beispill d’Verdeelung vun de Masken ze annoncéieren.

Iwwer de Summer hat d’Situatioun sech normaliséiert, a vill Gemenge konnten nees op hir gewinnte Manéier schaffen.

Opgrond vun den neie Mesuren, déi säit dem 26. November gëllen, huet och de Gemengesecteur sech nees op Télétravail a Reuniounen à distance missten astellen. Heifir bidde mir de Gemengen eng Rei Léisungen un, déi sech schonn am Fréijoer bewäert hunn.

Schäffen- a Gemengeréit per Videokonferenz?

Fir de Fonctionnement vun enger Gemeng ass et wichteg, dass d’Membere vun de Schäffen- a Gemengeréit sech reegelméisseg gesinn, fir déi ustoend Entscheedungen ze treffen.

Eng temporär Upassung vum legale Kader wäert de Gemenge warscheinlech elo och zousätzlech d’Méiglechkeet ginn, fir d’Reunioune vum Schäfferot an och de „huis clos“ vum Gemengerot per Videokonferenz ofzehalen. (De Projet de loi 7690 ass den 2. November an der Chamber deposéiert ginn.)

Fir dat kënnen op eng sécher Manéier ze maachen, bidde mir de Gemenge  mat SIGI Rooms eng Léisung un, fir Videokonferenzen ze organiséieren an Dokumenter ze deelen. Den Outil erlaabt et och, online eng Ofstëmmung duerchzeféieren.

Esou ass de Fonctionnement vun der Gemeng assuréiert: Grouss Projete, wéi de Budget 2021, de PAG oder och nach Rekrutementer kënnen also ouni Ënnerbriechung weidergoen. D’Donnéeë bleiwen op de Serveren vum SIGI. All d’Kommunikatioune gi verschlësselt iwwerdroen, fir dass och confidentiel Informatioune geschützt sinn.

SIGIdrive: 15 Gigabyte pro Notzer

Eng aner Léisung, déi et de Gemengen erméiglecht fir och à distance performant ze schaffen, ass de SIGIdrive. Mat dësem Outil kënne grouss Dokumenter gespäichert an op eng sécher Manéier gedeelt ginn. D’Donnéeë ginn op Serveren zu Lëtzebuerg gespäichert. E weidere grousse Virdeel vum SIGIdrive ass, dass d’Dokumenter esouwuel iwwert e Computer, wéi och iwwert eng mobil App kënnen opgeruff ginn.

Méi Informatiounen zu dësem Thema an och en Temoignage aus der Gemeng Iechternach fannt Dir an dësem Artikel.

sms2citizen: e bewäerten Outil fir d’Kommunikatioun mam Bierger

Eng direkt an transparent Kommunikatioun mam Bierger ass a Krisenzäiten essentiell, fir Vertrauen a Sécherheet ze vermëttelen. Nieft de klassesche Medien, kënnen d’Gemengen och op de Service sms2citizen zeréckgräife fir hiren Awunner, déi fir dëse Service ugemellt sinn, dringend an aktuell Informatioune per SMS op den Telefon ze schécken. De Virdeel fir de Bierger ass, dass hie vir dëse Service keen Internet a kee Smartphone brauch, mä just en normalen Handy, wéi zum Beispill och vill eeler Leit se nach benotzen. Fir de Bierger ass dëse Service gratis.