Accueil - Entwécklung vun de Métiers Solutiounen am SIGINOVA

Entwécklung vun de Métiers Solutiounen am SIGINOVA

Och wann am Ablack déi meescht Gemengen nach mam Gescom schaffen, sinn eis Equippe mat Héichdrock amgaangen déi verschiddene Métier-Solutiounen am SIGINOVA ze entwéckelen. Eis Iwwersiicht gëtt Iech en Iwwerbléck iwwert déi eenzel Servicer a Produiten déi elo schonn an enger Rei Gemenge genotzt ginn.

Verschidden Etappe vun engem SIGINOVA Produit/Service:

  •  An Interviewen a Conseil technique gëtt a ganz enker Zesummenaarbecht mat den Equippen an der Gemeng de Métiersprozess definéiert an déi verschidde Besoine festgehalen. Hei gëtt de Produit/ Service mat eenzele Pilot Gemengen (CP) entwéckelt.
  • Uschléissend un d’Entwécklung vum Produit/Service, kréien déi verschidde Gemengen dësen an engem User Acceptance Test (UAT) Environnement zur Verfügung gestalltfir ze testen.
  • Nodeems d’Gemeng hiren Accord ginn huet, geet d’Solutioun an den Déploiement an d’Gemeng schafft mat hire live Donnéeën am SIGINOVA.
  • Soubal e Produit/Service am Déploiement ass, kënnen all d’Gemengen dësen ufroen a notzen.

Ass Är Gemeng drun interesséiert bei engem SIGINOVA Produit/Service als Pilot Gemeng deelzehuelen oder eng vun den entwéckelte Solutiounen ze notzen? Kontaktéiert de SIGI einfach per Mail op siginova@sigi.lu.

Iwwersiicht vun den SIGINOVA Métiers Solutiounen an de Gemengen

Communes Pilotes (CP): de Produit/Service gëtt aktuell zesumme mat Pilot Gemengen entwéckelt
Test d’utilisation en communes (UAT): de Produit/Service gëtt a verschiddene Gemengen an engem Test Environnement (UAT) genotzt
Déploiement en communes: de Produit/Service ka vun de Gemenge genotzt ginn
(x*): Unzuel Gemengen an deenen de Produit/Service am Asatz ass