Accueil -

14/01/2020 17:09
Formatiounen 2020
Och am Joer 2020 huet de SIGI nees eng grouss Offer un INAP-zertifiéierte Formatiounen. Kuckt Iech d’Iwwersiicht an der Rubrik Formations hei um Site un a reservéiert elo schonn Är Plaz.
Wéi all Joer offréiert de SIGI och dëst Joer nees eng ganz Rei Formatioune fir d’Mataarbechter aus dem kommunale Secteur: Gemengen, Gemengesyndikater an Offices Sociaux.
D’Lëscht vun de Coursë fir dat éischt Semester 2020 fannt Dir op dësem Site ënnert der Rubrik Formations.
All eis Coursë sinn vum INAP homologéiert a gi vu qualifizéierten an erfuerenen Chargé de Cours gehalen.
Well d’Zuel vun de Participanten limitéiert ass, invitéiere mir Iech, Iech séier anzeschreiwen fir Är Plaz elo online ze reservéieren.
Eis Offer u Formatioune gëtt stänneg erweidert fir Iech ëmmer dee beschte Service ubidden ze kënnen. Wann Dir eng spezifesch Formatioun vermësst, kënnt Dir eis dat gäre per Mail op formations@sigi.lu matdeelen.