Skip Navigation LinksDe-SIGI-an-d’Europawahlen

E Bléck hannert d‘Kulissen
22/05/2019 09:30
 

De SIGI an d’Europawahlen

Wéi funktionnéiert d‘Zesummenspill tëschen dem SIGI, de Gemengen an aneren involvéierten Akteuren? E Bléck hannert d‘Kulissen.

​​De leschte Sonndeg am Mee gi mer erëm wielen. Des Kéier maache mir dat zesumme mat de Leit an alle Länner vun der Europäescher Unioun a bestëmmen déi Deputéierten, déi eis Intressen an den nächste fënnef Joer am Europaparlament vertriede sollen. Fir Lëtzebuerg sinn och an der nächster Legislaturperiod sechs Plaze reservéiert. Net manner wéi zéng Parteien hunn dofir Kandidaten opgestallt.

Si sti bis dohin an och um Wahlsonndeg selwer am Mëttelpunkt vum Intressi. Dat heescht awer nach laang net, datt d'Parteien an hir Kandidaten eleng gefuerdert sinn. Eng ganz Rei aner Acteure si scho säit Wochen a Méint mat de Preparatioune vun dëse Wahle beschäftegt. Si suerge mat hirer Aarbecht dofir, datt alles ouni Problemer iwwert d'Bühn geet. Iwwer si gëtt awer net vill oder guer net geschwat. An dobäi géing ouni si iwwerhaapt näischt lafen.

Zu dëse wichtegen Acteure gehéieren net nëmme verschidde Ministèren an de „Centre des technologies de l'information de l'Etat" (CTIE). Och d'Gemengen droen e wichtegen Deel dozou bäi, fir datt am Virfeld an och de 26. Mee selwer alles riicht leeft. Eng grouss Hëllef fir si ass de „Syndicat intercommunal de gestion informatique" – ville Leit besser bekannt ënnert sengem Kürzel SIGI.

Ouni de Support vum SIGI, an deem all  Gemeng vum Land – ausser der Stad Lëtzebuerg – Member ass, wären d'Organisatioun an d'Ofhale vu Wahle vill méi komplizéiert. D'Mataarbechter vun dësem Gemengesyndikat stinn hinnen net nëmme mat prakteschen IT-Léisungen zur Säit.

Wat mécht de SIGI konkret?

Scho sechs Méint virum Wahltermäin fänkt de SIGI mat senger Aarbecht un a kuckt fir d'éischt emol op déi läscht Wahle virdrun zréck. Et gëtt nach eng Kéier analyséiert, an dobäi ginn och eventuell Kritike berécksiichtegt, déi deemools un de SIGI erugedroe goufen.

Dono hëlt de SIGI säin Outil, dee fir d'Wahle gebraucht gëtt, op de Leescht. Gepréift ginn déi eenzel Funktionalitéiten. Evtl. Gesetzesännerunge musse berücksichtegt ginn. E grousse Changement vum Wahlgesetz gouf et z.B. am Mäerz 2018. Neierdéngs brauch ee kee Gronn méi unzeginn, fir wat een d'Bréifwahl ufreet.

Déi entspriechend Demande (Bréifwahl) ka vun all Wieler och iwwert „myguichet.lu" gemaach gi fir d'EU, d'Législativ- an d'Gemengewahlen. Ausserdeem kënne séch Net-Lëtzebuerger heiriwer op d'Wielerlëschten aschreiwe loossen, sief et fir d'EU oder d'Gemengewahlen. D'Zuel vun de Bréifwieler geet säitdem an d'Luucht. Bei de leschte Wahlen hunn an de SIGI-Gemenge 7.000 Leit d'Bréifwahl elektronesch ugefroot; fir d'Europawahlen 2019 sinn ca. 15400 Ufroen erakomm. An dësen Zuelen ass d'Stad Lëtzebuerg net mat abegraff.

De SIGI huet dacks seng Hänn am Spill

Et muss sécher gestallt ginn, datt all déi Informatiounen och dohi kommen, wou se musse gewosst sinn, dat heescht an de meeschte Fäll bei d'Gemengen.

Wann een an eng aner Gemeng wunne geet, brauch ee sech zënter 2013 just nach do unzemellen. Datt ee sech net méi a senger aler Gemeng ofmelle muss, ass wuel fir de Bierger méi einfach an evitéiert och nach eng Partie Pabeierkrom. D'Informatioun awer, ob dëse Bierger och d'Wahlrecht huet, gëtt awer net zur selwechter Zäit bei déi nei Gemeng iwwerdroen. An Zesuemmenarbecht mat dem CTIE suergt de SIGI derfir, datt déi betraffe Persoun och an hirer neier Gemeng op d'Wielerlëscht stoe kënnt.

Mat den Donnéeë vum SIGI kënnen d'Gemengen dräi Méint virun de Wahlen eng provisoresch Wielerlëscht opstellen. Domat kënnen si net nëmmen d'Zuel vun de Wahlbüroen definéieren, déi si um Wahlsonndeg ariichte mussen. Si kënnen och schonn d'Wieler op déi respektiv Büroen opdeelen an dobäi kënnen ënner aanerem och speziell Besoine berécksiichtegt ginn, ewéi z.b. fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit

A grousse Gemengen, wou op verschiddene Plaze gewielt gëtt, ginn d'Léit esou an déi eenzel Bureauen verdeelt, dass se de kierzten Wee zeréckleeë mussen.

IT-Léisungen a praktesch Hëllef

Sinn d'Wielerlëschten definitiv zou, hëlleft dem SIGI säi Programm de Gemengen och, d'Convocatiounen ze drécken, d'Etikette mat der Adress fir d'Bréifwieler an d'Etiketten mat der ka kontrolléiert ginn wien effektiv bei der Wiel matgemaach huet an d'Pointageslëschten déi et de Leit an den Wahlbureauen erlaaben e Suivi ze maachen, ginn all mam selwechten Programm generéiert.

Praktesch Hëllef kréien d'Gemengen och vum SIGI, wéi dësen Outil kann agesat ginn. An de meeschte Gemenge sinn déi zoustänneg Beamte gutt am Bild a brauche keng Ënnerstëtzung. Wa sech awer duerch e kuerzfristege Personalwiessel eng Persoun mat manner Erfarung em d'Wahlen an hirer Gemeng këmmere muss, da steet de SIGI fir en individuellen Encadrement zur Dispositioun – wann et muss sinn och op der Plaz selwer.

Mat senger Aarbecht, senge Programmen a senge Kontrolle vun de Wielerlëschten ass et dem SIGI och méiglech, eventuell Anomalien z'entdecken an de Gemengen eng entspriechend Informatioun zoukommen ze loossen. Op des Manéier soll verhënnert ginn, datt Bierger a méi wéi enger Gemeng op der Wielerlëscht stinn. Dat trëfft a besonneschem Mooss fir EU-Bierger zou, déi entweder an hirer Heemecht oder an hirer lëtzebuergescher Wunngemeng kënne wiele goen. Och Informatiounen iwwert Bierger, déi d'Wahlrecht entzu krute ginn zum Deel mat Hëllef vum SIGI automatesch un d'Gemengen weidergeleet a vun den Gemengen an hire Fichier'en geréiert.

Problemer schonn am Virfeld verhënneren

Fir d'Gemengen ass et och wichteg ze wëssen, wann ee vun hiren Awunner déi Lëtzebuerger Nationalitéit kritt. Manuell Kontrollen hëllefen hei déi Persounen ze détektéieren, déi esou kuerz virun de Wahlen doduerch d'Recht (an d'Flicht) kréie fir wielen ze goen.

Doniewent stellt de SIGI senge Memberen, d'Wielerinstruktioune an e Specimen vum Wahlziedel zur Verfügung, deen si da selwer drécke respektiv an hir Dréckerei virugi kënnen. Feeler a falsch Schreifweise vun de Kandidatenimm ginn op des Manéier evitéiert.

Um Wahlsonndeg selwer huet de SIGI seng Aarbecht da gemaach a mam eigentleche Wahlgeschäft direkt näischt méi ze dinn.

Dat Eenzegt, wou d'Gemenge respektiv hir Wahlbüroen dann nach op hien zréckgräifen, ass säin Outil, fir de Procès verbal mam Wahlresultat an enger uniformer Versioun ze schreiwen.

D'Aarbecht vum SIGI ass ouni Zweiwel eng Plus-value fir d'Gemengen an all aner Acteuren, déi viru Wahlen an um Wahlsonndeg selwer gefuerdert sinn. De „Syndicat intercommunal de gestion informatique" suergt dofir, datt d'Simplification administrative, déi vun der Politik dekretéiert gouf, och effektiv mat Liewe gefëllt gëtt.

An dësem Kontext kinnt een duerchaus och déi elektronesch Wahle gesinn. Si wären technesch secherlech ze maachen. D'Entscheedung awer, op Lëtzebuerg op dëse Wee goe wëll, läit net beim Gemengesyndikat, mä bei der Politik. De SIGI gëtt awer och ze bedenken, datt elektronesch Wahle sécherheetsteschnesch eng aner Erausfuerderung sinn ewéi Wahlen op Pabeier. 

Auteur: Marc Willière

  • Support

    Contacter le support

    35 00 99-444
    support@sigi.lu

  • DPO

    Data Protection Officer

    35 00 99-1
    dpo@sigi.lu

  • Contact

    Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique

    6, rue de l'Étang
    L-5326 Contern

    BP 63
    L-5201 Sandweiler

    35 00 99-1
    contact@sigi.lu

    Lundi à Vendredi

    08:00 à 12:00
    13:00 à 17:00

    SIGI Nord

    4, Lisseneck
    L-9377 Hoscheid