Accueil - Gréng Luucht fir en Audit-Prozess

Gréng Luucht fir en Audit-Prozess

Am Sënn vun enger Verbesserung vum interne Fonctionnement an enger Verstäerkung vun der Zesummenaarbecht mat de Gemengen, wäerten an den nächste Méint verschidden Auditten an Etüden duerchgefouert ginn. De Comité vum SIGI huet dofir gréng Luucht ginn an en Aarbechtsgrupp agesat.

An de leschte Woche stoung de SIGI wéinst verschiddene Publikatiounen an de Medien an der Kritik. De Bureau huet déi Virwërf ganz eescht geholl an duerfir sinn ech frou, dass de Comité vum SIGI gréng Luucht ginn huet, fir en ëmfangräichen Audit-Prozess ze lancéieren. 

Bei engem éischten Audit geet et ëm dat soziaalt Klima am SIGI, en zweeten Audit soll déi finanziell Gestioun beliichten. Dozou kënnt eng extern Enquête, déi d’Zil huet, d’Zesummenaarbecht mat de Gemengen ze verbesseren an nach besser kënnen op déi grouss Diversitéit vun Demanden a Besoinen, déi vun de Gemengen ausginn, anzegoen.

Fir d‘Ëmsetzung vun dësen Auditten op eng neutral Manéier ze garantéieren, gouf en Aarbechtsgrupp an d’Liewe geruff, deen dës Etüden encadréieren an spezialiséiert Bureaux d’études eraussiche soll. Dësen Aarbechtsgrupp besteet aus 5 Membere vum Comité an 3 Membere vum Bureau, a si kruten och déi néideg finanziell Mëttel fir dës Aarbechten duerchzeféieren. 

Et läit an eiser Verantwortung, eng performant Gouvernance vum SIGI ze garantéieren an och sécher ze stellen, dass d’Mataarbechter vum SIGI kënnen an de bescht méigleche Konditioune schaffen. Ech si mir sécher, dass mir duerch dës Mesuren, an duerch den Austausch mat alle Bedeelegten, déi richteg Schrëtt kënnen ënnerhuele fir esou de SIGI op seng Zukunft optimal virzebereeden.

Trotz dësen turbulente Momenter, sinn ech frou, dass eis Equippe weider konnten un de SIGINOVA-Léisunge schaffen. An eiser neier informativer Rubrik fannt Dir en transparenten Iwwerbléck iwwer déi Produkter, déi fir Iech disponibel sinn.

E weidere Projet am Kader vun eise Collaboratioune mat der Regierung ass de Pacte Nature. Genau wéi de Pacte Logement an de Pacte Climat ginn hei d’Stäerkte vun der SIGINOVA-Plattform genotzt, fir dass d’Gemenge vun de Virdeeler vum Pakt profitéiere kënnen. D’Gemeng Beetebuerg bericht eis an engem Temoignage, wéi se dësen neie Produit benotzen.

Wéi schonn oft beschriwwen, ass de kollaborative Portail eent vun den Häerzstécker vu SIGINOVA. Duerfir bidde mir iwwer de Summer eng Rei Formatiounen un, déi Iech de Portail méi no bréngen.

Ech wënschen Iech vill Freed beim Liesen an e ganz schéine Summer.

Yves Wengler,

President