Accueil - Kooperatioun SIGI – FNS – Gemengen
13/01/2020 16:03

Kooperatioun SIGI – FNS – Gemengen

Den FNS, de Fonds national de solidarité, schafft säit 2016 mat dem SIGI zesumme fir den Opwand, dee mat enger Demande AVC (Allocation de vie chère) verbonnen ass, ze reduzéieren.

Historique

Am Ufank war et sou, datt jiddereen, deen eng Demande AVC maache wollt, huet missen e Formulaire vun e puer Säiten ausfëllen an ee „Certificat de composition de ménage“ beim FNS eraginn. Dat hat zur Folleg, dass d’Gemengen Ufanks dës Joers staark sollicitéiert gi si mat Demandë fir de „Certificat de composition de ménage“. Den FNS huet misse vill Zäit an d’Auswäertung vun de Formulairen investéieren, well se handschrëftlech ausgefëllt goufen an nach dacks Feeler dra waren.

Am Joer 2015 koum d’Iddi, d’Formulairë mat de relevanten Donnéeën, déi d’Gemenge jo souwisou zur Verfügung huet, direkt auszedrécken an zesumme mam „Certificat de composition de ménage“ un den Demandeur ze schécken. Dat och dowéinst, well d’Beneficiairë vu Joer zu Joer praktesch net changéieren.

Vun 2016 u war et mat deem neie Gesetz sou, dass et kee „Certificat de Composition de Ménage“ méi ginn ass, mee den FNS seng Berechnungen awer nach ëmmer op Grondlag vun der Zuel vun de Leit, déi an engem Stot wunne gemaach huet.

Eng Zesummenaarbecht gëtt opgebaut

Zënter 2016 ass eng Collaboratioun tëschent dem FNS an dem SIGI entstanen, wou den FNS dem SIGI en Iwwerbléck vun de Beneficiairë vum lafende Joer schéckt an de SIGI dann op där Basis fir all déi participéierend Gemengen (ca. 90%) d’Demanden als PDF-Fichier generéiert. Déi ginn dann op engem gesécherte Wee rëm un den FNS geschéckt. Dëst ass och am SIGI sengem Usproch vun der Zentralisatioun, esou dass all Membersgemenge kënne vun engem selwechte Service profitéieren.

Well munch Gemengen hiren Awunner, déi eng „Allocation de vie chère“ kréien, nach eng zousätzlech Subventioun accordéieren, gi si vum FNS informéiert, wéi eng Bierger aus hirer Gemeng eng Demande fir dat aktuellt Joer gemaach hunn.

Dës Zesummenaarbecht tëschent dem SIGI, dem FNS an de Gemenge reduzéiert den zäitlechen an administrativen Opwand fir d’Gemengen, den FNS a fir déi concernéiert Bierger. Déi kréien de virausgefëllte Formulaire heemgeschéckt a brauchen en dann nëmme méi ënnerschriwwen zeréckzeschécken. A fir déi Leit, déi am Laf vum Joer fir d’éischte Kéier eng Demande fir d’AVC maachen, stinn an de Gemenge Formulairen an elektronescher Form zur Verfügung, déi séier an effizient kënnen ausgefëllt ginn.