Accueil - Nei Generatioun vun Internetsitte

Nei Generatioun vun Internetsitte

Opgrond vun der grousser Nofro bitt de SIGI elo och de Gemengesyndikater an den Offices sociaux dat neit Konzept vun Internetsitten op Basis vu WordPress un.

D’Léisunge fir d’Kommunikatioun mam Bierger sti weiderhin am Fokus. Nodeems mëttlerweil iwwer 20 Gemengen hiren Internetsite op Basis vu WordPress zesumme mam SIGI ëmgesat hunn, wäert dës Léisung an Zukunft och de 60 Gemengesyndikater an den 30 Offices sociaux zur Verfügung stoen.

Genee wéi fir d’Gemengen, ass et och fir déi interkommunal Syndikater an d’Offices sociaux ëmmer méi wichteg, fir op eng modern an effikass Manéier mat hire Memberen a Bierger kommunikéiere ze kënnen.

Schliisslech ass de Site vun enger Administratioun hir Visittekaart an dréit dozou bäi, den Austausch vun Informatioune ze fërderen.

Dat neit Konzept vum SIGI baséiert op WordPress, enger Open Source Léisung. Den Internetsite präsentéiert sech an engem modernen Design, dee sech un déi spezifesch Besoinen upasse kann. E WordPress-Site bitt folgend innovativ Funktiounen: 

  • Eng schnell an einfach Installatioun
  • E modernen an innovativen Design, an deem den Utilisateur/Notzer sech direkt zurecht fënnt
  • En ergonomeschen a modulären Opbau, deen d’Benotzerfrëndlechkeet verbessert
  • Eng flexibel Upassung un déi spezifesch Besoine vun Ärer Administratioun
  • Entsprécht den Accessibilitéitskrittäre vun Internetsitte vum ëffentleche Secteur
  • Zukünfteg Verknüpfunge mat SIGINOVA

Déi vum SIGI geréiert Sitten entspriechen den neien an aktuelle gesetzleche Virgaben a punkto Privacy Shield, GDPR a Gestioun vu Cookien.

E Gemengesyndikat oder en Office social, deen interesséiert ass, fir säin Internetsite op dem SIGI seng WordPress Léisung ze migréieren, ka sech per E-Mail ënnert folgender Adress un de Centre de compétences Relations avec les citoyens wenden: robert.ries@sigi.lu.