Accueil - Pacte Nature – Digitalisatioun am Zeeche vun der Nohaltegkeet an der Gemeng Beetebuerg

Pacte Nature – Digitalisatioun am Zeeche vun der Nohaltegkeet an der Gemeng Beetebuerg

D’Gemenge sinn am Pacte Nature e wichtege Partner vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement Durable am Schutz vu Natur a Ressourcen. Si leeschten e wesentleche Bäitrag bei der Ëmsetzung vum nationale Strategieplang géint de Klimawandel. Am Katalog vum Pacte Nature si 77 Mesurë festgehale mat deenen all Gemeng déi individuell a kommunal Moossname kann ëmsetzen a retracéieren.

Ëmsetzung vum Pacte Nature am SIGINOVA

Baséierend op der erfollegräicher Zesummenaarbecht vum SIGI an dem Ministère am Kader vum Pacte Climat 2.0, gouf den Pacte Nature och elo am SIGINOVA ëmgesat. Mat dëser digitaler Ëmsetzung gëtt séchergestallt dass déi verschidden implizéiert Acteuren, Gemengen, de Ministère, d’Klimaagence esou wéi déi extern Naturpaktberoder Accès op déi verschidde Servicer am SIGINOVA hunn. De Mesurëkatalog ass standardiséiert an erlaabt eng einfach Erfaassung, d’Simulatioun vu Bewäertungen esou wéi eng transparent Iwwersiicht. Doriwwer eraus gëtt déi intuitiv an optimiséiert Duerstellung den Elu’en d’Ëmsetzung an hirer Gemeng ze suivéieren an deementspriechend strategesch nohalteg Decisiounen ze treffen.

D’Gemeng Beetebuerg war eng vun den éischte Gemengen déi sech entscheet hunn de Pacte Nature ze ënnerschreiwen an huet och aktiv bei der digitaler Ëmsetzung am SIGINOVA matgeschafft.

An eisem Interview erklären d’Josée Lorsché an de Jean Marie Jans, Memberen vum Schäfferot an d’Nadine Grein aus der Equippe Pacte Nature, firwat et fir d’Beetebuerger Gemeng wichteg ass beim Pacte Nature matzemaachen an wéi e Mehrwert et mat sëch brengt dass all implizeiert Akteuren op enger Plattform am SIGINOVA kennen schaffen.