Eng ongewéinlech Fra

Et gëtt eng Plaz hei am Land, do läit dem Volleksglawen no eng wëll Fra ënnert engem Fiels begruewen. Si war en onheemlecht Wiesen:  hir eenzeg Kleeder waren hir laang Hoer, déi bis op de Buedem houngen, hir Aen hate rout Reefer an hu wéi Kuele gegloust. Si hat zwou Reien Zänn a laang schaarf Krallen un hire Fangeren, an domat huet si Schof a Wëld gepak an a Stécker gerappt. Wéi si als al Fra gespuert huet, dass si net méi laang géif liewen, huet si sech ënnert de Fielsvirsprong geluecht, wou si hiert ganzt Liewe laang gehaust hat. De Fiels soll du gerutscht sinn an d’Fra ënnert sech begruewen hunn. Mee hire Geescht soll bis haut nach keng Rou kënne ginn.




Wat mengt Dir – wou kënnt déi wëll Fra do wuel hier?