Welcome to your Vun engem béise Verwalter an engem treien Hond

Eng jonk Edelfra, ass nom Doud vun hirem Papp vum Verwalter vum Schlass am Tuerm agespaart ginn, well si sengen Avancen net wollt noginn an och scho mat engem anere Mann verloobt war. De Verwalter wollt si aushéngeren, fir datt si sollt noginn.

Mee hien hat seng Rechnung ouni den treien Hond vun der jonker Fra gemaach, dee matkritt huet, wou si gefaange war, an all Dag an der Schlasskichen Iesse geklaut huet an hir dat bruecht huet.  Sou ass si dem Hongerdoud entgaangen.

A wou dunn hire Verloobten op Besuch koum an de béise Verwalter him verzielt huet, déi jonk Fra wier scho säit enger Zäit vermësst, huet och den Hond nees agegraff. Hien huet de jonke Mann ëmmer erëm ugebillt an ass e Stéck fortgelaf an nees zréckkomm, bis deen him nogaangen ass an dunn seng Verloobten entdeckt huet, déi agespaart war.

Doropshin ass et zu engem Kampf komm, an deem de Verwalter den Doud fonnt huet an déi zwee jonk Leit si bestuet ginn an hunn nach vill Jore glécklech zesumme gelieft.

Wou si gestuerwen ass, huet hiren treie Mupp sech op hiert Graf gesat an näischt méi gefriess an ass och do no e puer Deeg dout fonnt ginn.
Dat treit Déier ass doropshin op dem Grafstee vu senger Meeschtesch veréiwegt ginn.

A wéi enger Gemeng fënnt een de Grafstee vun där Fra an hirem treie Gefährten?