Accueil - SIGI Faces – Adeline Zeroual

SIGI Faces – Adeline Zeroual

Mir stellen Iech d'Adeline Zeroual vir, wat sech ëm User Experience Design bekëmmert.

Adeline, kanns du eis däi professionelle Parcours beschreiwen? Wat sinn deng Aufgabe beim SIGI?

Ech hunn ugefaangen als Multimedia-Designer a säit 10 Joer sinn ech spezialiséiert op UI an UX-Design, also User Interface a User Experience Design. Dobäi geet et drëms, d’Interfacen an d’Identitéite vun informatesche Léisungen esou ze gestalten, dass den Utilisateur gutt an einfach domat schaffe kann.

Meng Aufgab beim SIGI ass d‘Preparatioun am Virfeld: d’Analyse vun de Besoine vum Client, d’Strukturatioun an d’Hierarchie vun den Informatiounen, an dat iwwer de Wee zum Beispill vu Workshoppen a Conseils techniques. Meng Roll ass transversal, also queesch duerch déi eenzel Kompetenzzenteren., Ech muss déi eenzel Positioune verstoen an un d‘Equippe kommunizéieren, mam Zil, de Parcours vum Utilisateur ze vereinfachen an esou en optimaalt Resultat fir  eis Clienten auszeschaffen.

Wat gefält dir besonnesch un denger Aarbecht beim SIGI?

Wat mir besonnesch gefält ass, dass ech quasi vun der Gebuert vun engem Projet un engem Produit matschaffe kann. Meng Roll dobäi ass neutral, ech probéieren den Affekot vum Client ze sinn,  fir all d’Iwwerleeungen a sengem Interêt ze féieren. Och d’Zesummenaarbecht mat de Gemengen ass immens konstruktiv, wat meng Aarbecht natierlech interessant mécht.

Wat sinn déi speziell Erausfuerderunge bei denger Missioun?

Eng besonnesch Erausfuerderung ass et fir d’Prinzippien an d‘Wichtegkeet vum UX-Design op allen Niveauen ze kommunizéieren, an och fir déi néideg Methoden duerchzesetzen. Dat maachen ech iwwer Beispiller, sougenannte best practices. Ech hu séier gemierkt, dass beim SIGI eng grouss Ouverture do ass, fir sech op dës nei Methoden anzeloossen a fir op Changementer anzegoen.

Ech si frou, dass duerch meng Aarbecht e positiven Impakt entsteet an doduerch eis Produite fir de Client méi einfach a méi intuitiv ze benotze sinn.

Wat méchs du an denger Fräizäit? Hues du Hobbyen?

Meng Fräizäit verbréngen ech am léifste mat menger Famill. Fir ofzeschalte gi mir mat eisem Jack Russell am Bësch spadséieren a genéissen d‘Natur.