Accueil - SIGI Faces Joaquim Da Silva

SIGI Faces Joaquim Da Silva

An dëser Editioun stelle mir Iech de Joaquim da Silva, Expert Métier vum Centre de compétences Achats/Dépenses vir.

Joaquim, kanns du eis däi professionelle Parcours beschreiwen, deen dech bei de SIGI bruecht huet?

No mengem Ofschloss a Gestioun a Comptabilitéit hunn ech wärend 8 Joer als Agent commercial an enger Stolhandelsfirma zu Esch geschafft. Duerno hunn ech en Richtungswiessel a mengem professionelle Parcours geholl an als Comptabel bei enger Fiduciaire an der Stad geschafft. 2019 sinn ech du bei de SIGI an de Cdc Achats/Dépenses komm. An dëser Funktioun kann ech meng Erfarung an deene verschiddene Beräicher optimal zur Geltung bréngen.

Wat sinn deng Missioune beim SIGI am Centre de compétences Achats/Dépenses ?

Meng Aufgaben si ganz villfälteg. Haaptsächlech këmmeren ech mech ëm d’Deploiementer vun eise Solutioune bei eise Clienten. Am deegleche Kontakt erkennen ech hir Besoinen. Hei schaffe mir virun allem mat der Method ODIN. Zesumme mat mengem Lead Métier setze mir dës Analysen ëm fir konkret Projeten ze developpéieren, déi en Notze fir de Fonctionnaire an awer och fir de Bierger duerstellen.

D’Ausféierung vun administrativen Tâchë mécht en groussen Deel vu menger Aarbecht aus: Suivi vu Projeten, Support Clients vum CdC Achats an d‘Teste vun eise Léisungen. Aktuell sinn ech staark involvéiert an der Digitalisatioun vun de Factures Fournisseurs. E wichtegen éischte Schrëtt war heibäi d’Dematerialisatioun vun de pabeiers Rechnungen. Déi nächst Etapp besteet dran, dee ganze Workflow ze optiméieren an dëst am SIGINOVA ze integréieren.

Wat motivéiert dech besonnesch bei denger Aufgab?

D‘Villfältegkeet vun der Missioun huet mech vun Ufank u gereizt! De Kontakt mam Client ass fir mech e wichtegen Aspekt: D‘Besoine verstoen an eppes Konkretes z’entwéckele fir dem Client seng Tâchen ze vereinfache gi mir déi gréisste Satisfaktioun. Och meng Erfarungen am Finanzwiesen anzesetze fir Projete kënnen ze completéieren ass motivant. Beim SIGI konnt ech vill Neies kenneléieren. Mech weider ze entwéckelen an ze progresséieren ass immens wichteg.

A wat méchs du an denger Fräizäit ?

Sport spillt eng grouss Roll a mengem Liewen. Nieft Lafen a Fitness sinn ech besonnesch am Fussball aktiv. Säit 2006 sinn ech Arbitter bei der FLF a säit 2015 och Arbitter Linneriichter bei der FIFA. Den Ufank war net ëmmer einfach, mee trotz mengem jonken Alter konnt ech mech eleng um Terrain duerchsetzen. Ech géif soen, datt den Arbitrage eng Schoul fir d’Liewen ass, déi mech gepräägt huet. Et muss ee séier wichteg Decisiounen treffen an dëst obwuel d‘Kritik vu Spiller an Zuschauer net ausbleift. Et geet drëms, e klore Kapp ze behalen a gutt mat Stress ëmzegoen.

A 16 Joer Karriär hunn ech 800 Matcher gepaff an déi gréissten Highlighte waren ënner anerem d’Finall vun der Coupe de Luxembourg 2015 virun 3 000 Zuschauer a ganz speziell den Europaleague Groupstage Match 2019 tëschent Sporting Lissabon – Lask Linz, zu Lissabon viru 40 000 Zuschauer!