Accueil - SIGIDAY 2021 – Réckbléck

SIGIDAY 2021 – Réckbléck

De 16. September hat de SIGI op de SIGIDAY invitéiert. Am neie Gebai zu Conter goufen de méi wéi 200 Vertrieder aus eisen Membersgemengen déi éischt Produiten am SIGINOVA virgestallt.

No 1 Joer Paus hat de SIGI rëm op de SIGIDAY invitéiert – e wichtege Rendezvous, bei deem den Austausch tëscht de Mataarbechter vum SIGI an de Responsabelen aus de Membersgemengen am Virdergrond stoung.

Iwwer 200 Gäscht aus de Gemengen, Gemengesyndikater an Offices sociaux, souwéi vum Inneministère konnte mer an eisem neie Gebai zu Conter begréissen. Op 10 themateschen Stänn goufen déi éischt Métiers-Produite virgestallt, déi de SIGI op Basis vun der SIGINOVA-Plattform a Kollaboratioun mat den Gemengen am gaangen ass ze entwéckelen. E flotten Iwwerbléck vun eiser aktueller Produitsgamme fannt Dir op der Säit https://www.sigi.lu/produits-siginova/.

No der Begréissung vum President, Yves Wengler, sinn am Kader vun enger flotter Table Ronde d’Virdeeler vun dëser kollaborativer Approche an och d’Erausfuerderunge vun der digitaler Transformatioun am kommunale Secteur, esou wéi Praxisbeispiller z. B. an der Gemeng Déifferdeng diskutéiert ginn.

E puer interessant Ausschnëtter vun dëser Table Ronde kënnt Dir Iech op eisem Youtube Kanal ukucken.