Accueil - SIGIFaces Manon Szura

SIGIFaces Manon Szura

Mir stellen Iech d’Manon Szura vum Centre de Compétences Aménagement du Territoire / Offices sociaux vir.

Manon, kanns Du eis däi professionelle Parcours beschreiwen, deen dech bei de SIGI bruecht huet?

Ech hunn e Bachelor an de Ressources humaines an ech hunn no mengem Studium a verschiddene Gemengen a Frankräich an dësem Beräich geschafft. Dëst huet mir erlaabt, en éischten Abléck an de kommunale Secteur ze kréien. Säit Mee 2019 schaffen ech beim SIGI, wou ech als administrativ Assistentin ugefaangen hunn. Ech hunn de Gemenge beim Encodage vun Donnéeë gehollef, déi si brauche fir d‘Produite vum SIGI, wéi zum Beispill Cimetières

Ausserdeem hunn ech och bei der Migratioun vun de Gemengen hiren Internetsitte vum CMS15 op WordPress gehollef. Dat heescht, ech hunn am Ufank méi Zäit an de Gemenge verbruecht, wéi um SIGI.

Wat sinn deng Missioune beim SIGI? 

Ech schaffen am Moment als Consultant externe op Projeten, déi op 3 verschidde Kompetenzzentren opgedeelt sinn: Aménagement du territoire, Développement durable, a Ventes/Recettes. Fir Projete wéi Facturation des déchets oder Avertissements taxés këmmeren ech mech ëm den Testing, also d’Qualitéitskontroll, den Deploiement vun de Produite beim Client, d’Verdeele vun den Accèsen an ech organiséieren och Formatioune fir déi Produiten.

Et gefält mir gutt, dass ech quasi all Dag am direkten Austausch mat de Cliente stinn, sief et iwwer Telefon, Mail oder bei hinnen an der Gemeng. Esou kréien ech och direkt de Feedback vum Client, kann op Verbesserungsvirschléi agoen an eventuell Problemer schnell léisen. 

Ginn et speziell Projeten, déi Dech bei Denger Aufgab besonnesch motivéieren?

Et gëtt ee Projet, dee mir speziell um Häerz läit, an zwar d’Facturatioun des déchets, déi mir fir de Gemengesyndikat SIDEC op d’Bee gesat hunn. Dëst war den éischte grousse Projet, deen ech konnt autonom geréieren an ech sinn houfereg, dass elo 44 Gemengen domat schaffen.

Den Ufank vum Projet war net einfach, well et wärend der Zäit vum Confinement war, a mir hunn all d’Virbereedunge mam Client missten à distance maachen.

Och bei dësem Projet war mir den Austausch mam Client immens wichteg, sief et mam SIDEC oder deene 44 Gemengen. An ech fannen et och ëmmer nees spannend, fir déi impressionant Märeien ze entdecken.

A wat méchs Du an Denger Fräizäit?

Meng Fräizäit dréint sech haaptsächlech ëm de Sport, an do virun allem ëm d’Muskulatioun. Ech probéiere reegelméisseg an de Studio ze goen, sief et moies virun der Aarbecht oder owes no Feierowend.