
SIGINOVA – eng disruptiv Innovatioun am Déngscht vun den Gemengen an hiren Bierger
SIGINOVA gouf ob enger eegens vum SIGI entwéckelter Programméiersprooch entwéckelt an erméiglecht et de Gemengen, an Zesummenaarbecht mat den Experts-métiers vum SIGI, hier Aarbechtsprozesser, sougenannten Aktivitéiten, ze schreiwen an ëmzesetzen.
An dëst ouni ob eng komplex informatesch Entwécklung zeréckgräifen.
Dësen neien Outil vun der Gestion communale ass ob déi spezifesch Besoine vun de Gemengen zougeschnidden an erméiglecht all Gemeng personaliséiert Upassungen am System virzehuelen. D’Virdeeler vum SIGINOVA leie virun allem an der Benotzerfrëndlechkeet, der kollaborativer Zesummenaarbecht an dréit och zur simplification administrative bäi.
Des nei Léisung wäert elo schrëttweis de Gescom an de Gemengen ersetzen an dëst a Kollaboratioun mat de Gemengen.