
Update vum Portail SIGINOVA
Duerch déi kontinuéierlech Entwécklung a Benotzung vun de verschiddene SIGINOVA Servicer an de Gemengen, gëtt de SIGINOVA Portail fir d’Leit am kommunale Secteur ëmmer méi zu engem Bestanddeel vun hirer deeglecher Aarbecht.
Op Basis vum Feedback vun de Benotzer, gouf de Portail weiderentwéckelt. Des Refonte besteet engersäits aus engem grapheschen « relooking » an operationell Verbesserungen, déi d’Benotzer an hirer deeglecher Aarbecht am SIGINOVA ënnerstëtzen:
Page d’Accueil
Direkt op der eischter Säit huet de Benotzer eng kloer Iwwersiicht an en vereinfachten Accès op déi genotzte Servicer, Registeren a Gruppen.
Iwwer den Haaptmenü huet een Accès op déi wichtegst Funktionalitéite vum Portail.

Catalogue des services
Iwwer den Haaptmenu kennt een op den Catalogue des services. Déi disponibel SIGINOVA Servicer kennen hei consultéiert an aktivéiert gi.

Page de groupe
Déi wichtegst Elementer vun enger Grupp sinn elo iwwersiichtlech op der Haaptsäit vum Grupp ze fannen : Miniature vun der Gruppenhierarchie, d’Membere vum Grupp, Servicer esou wéi den Tableau de Bord an d’Dokumenter vum jeeweilege Grupp.

Hierarchie vun den Gruppen am SIGINOVA
Iwwersiicht vun der Grupp an der Entitéit, déi aner Gruppen an hir Memberen.

Page de service
De Benotzer huet direkt Zougrëff op déi verschidde Kontrakter am Service. D’Aktualitéite kennen iwwer den Onglet Fil d’actualité consultéiert ginn.
De Knapp “Lancement” fir déi verschidden Aktivitéite vun engem Service ze lancéieren ass méi visibel op der Säit duergestallt.
