Le SIGI crée des solutions pour supporter les communes luxembourgeoises dans l’exécution de leurs missions
Actualité
De SIGI huet seng PSDC an ISO 27001 Zertifizéierung fir 3 Joer erneiert.
Säit 2018 ass de SIGI PSDC an ISO 27001 zertifiéiert a war domat 2018 déi éischt lëtzebuergesch Administratioun, déi PSDC-C zertifiéiert gouf.
Agile Valeure beim SIGI
Beim SIGI gëtt no de Valeure vum Agile Management geschafft. De Carlo Gambucci erkläert an eiser Serie zu SIGINOVA wéi de SIGI dëst ëmgesat huet.
Chèques Service Accueil geet an d’Verlängerung
D’Zesummenaarbecht tëscht dem SIGI an dem Ministère de l’Education Nationale gëtt ëm weider 2 Joer verlängert
Optimiséiert Ären Internetsite
E puer gutt Rotschléi fir d’Benotze vun Dokumenter a Biller am WordPress.
Nei Generatioun vun Internetsitte
Opgrond vun der grousser Nofro bitt de SIGI elo och de Gemengesyndikater an den Offices sociaux dat neit Konzept vun Internetsitten op Basis vu WordPress un.
Dateschutz vun Ärem Internetsite
Eng Entscheedung vum Europäesche Geriichtshaff huet den Dateschutz vun Internetsäiten an de Fokus geréckelt. Eis Léisungen bidden déi néideg Viraussetzungen, fir dem aktuelle legale Kader gerecht ze ginn.
Eng performant Administratioun, och a Krisenzäiten
An dësen Zäiten ass et wichteg, dass d’Gemengen kënnen zouverlässeg funktionéieren. De SIGI ënnerstëtzt si dobäi mat enger Rei vu Léisungen.
De SIGI ass geplënnert
An eisem neie Gebai op der Adress 11, rue Edmond Reuter zu Contern wäerten an Zukunft och d’Sëtzunge vum Comité, vum Bureau a vun den Aarbechtsgruppe stattfannen, genau sou wéi dem SIGI seng Formatiounen.
Éischte Gemengeservice am SIGINOVA
Am Juni 2020 ass den éischte Service vu SIGINOVA um Terrain ëmgesat ginn. An der Gemeng Wäiswampech gëtt elo all Baugeneemegung integral am neie Service „Autorisation de bâtir“ am SIGINOVA traitéiert, an dëst vun der Demande vum Bierger bis zum Erstelle vum „Roude Punkt“ an der Blockchain.
Eng zolitt Basis fir d’Zäit nom Gescom
Als Start vun eiser Serie iwwert SIGINOVA schwätzt de Carlo Gambucci iwwert d'Grënn, wisou et noutwenneg war, en Nofollger fir de Gescom ze entwéckelen.









