Wann een d’Wieder „Start-Up“ an „digital Innovatioun“ héiert, dann ass et méiglech dass engem an deem Kontext den ëffentleche Secteur wuel net als éischt an de Sënn kënnt.

Beim ëffentleche Secteur denkt een éischter un eng méi lues Entwécklung an eng gewëssene Skepsis, wann et ëm Verännerung an dem digitale Fortschrëtt geet. Als Pendant dozou gëtt oft de private Secteur mat senge Start-Ups a méi risikofreedegen Entrepreneure genannt, déi hannert de meeschten Innovatioune stiechen.

Mee entsprécht dëse Cliché wierklech der Realitéit a wisou schéngt et esou komplizéiert d’Innovatioun am ëffentleche Beräich virun ze dreiwen?

Sécher kéint den ëffentleche Secteur vun engem méi innovative mindset an entrepreneurial spirit profitéiere. Allerdéngs ass et net esou einfach deen aus dem Startup Beräich bekannte Mantra “fail and learn” ëmsetze wann bürokratesch Prozedure mussen agehalen an sech em vill grouss Projete gläichzäiteg muss gekëmmert ginn. Dobäi kennt dass den Investment capital am ëffentleche Beräich aus Steiergelder besteet.

Et ass eng Tatsaach, dass den ëffentleche Beräich ëmmer méi konfrontéiert ass mat den Erausfuerderunge vun digitaliséierten Aarbechtsprozesser a sengen Administratiounen an der Entwécklung vun digitale Servicer fir seng Bierger. Allerdéngs dinn sech déi Acteuren oft schwéier bekannte Strukturen opzegi wann et drëms geet ze innovéiere fir kënnen an engem Ëmfeld dat schnell changéiert, matzehalen.

Woura läit d’Schwieregkeet?

Duerch hir inherent Missioun e Service um Bierger unzebidden, ass eng ëffentleche Verwaltung an hirem Fonctionnement net mat engem Start-Up Modell ze vergläichen. Doriwwer eraus ass d’Striewen no Innovatioun mam Gedanke verbonnen, dass Aarbechtsprozesser net optimal sinn a Verbesserungsbesoin besteet. Testen an experimentéiere sinn e wichtege Bestanddeel vun innovativen Entwécklungen.

Déi risikofreedeg Approche aus dem private Beräich ass, aus menger Erfarung, mat den Denkprozesser a Strukturen am ëffentleche Beräich net ze vereenheetlechen. Fir Innovatioune kënne virun ze bréngen, brauch een awer en Ëmfeld, dat en ambitiéist a couragéiert Striewen no Innovatiounen net just fërdert, mee esouguer belount. Start-Upen sinn an deem Sënn éischter geschäftsorientéiert, wärend den ëffentleche Beräich sech u Regierungsstrategien a laangfristeg politesch Pläng hält.

E weidert wichtegt Element vun engem innovatiounsfërdernden Ëmfeld ass et déi richteg Talenter unzezéien. Et ass awer oft esou dass Mataarbechter, déi gäre méi entrepreneurial géife schafen, sech an engem méi bürokrateschen Ëmfeld mat pré-definéierte  Carrièren ageengt fillen. Administratiounen doen sech doduerch schwéier, talentéiert Leit mat digitaler Erfarung fir sech kënnen ze gewannen a bei sech ze halen.

Den Investment capital vun ëffentlech Administratioune setzt sech aus Steiergelder zesummen, déi, an der Reegel, un pré-definéiert Projete gebonne sinn an doduerch nëmme wéineg Spillraum fir innovativ Experimenter iwwreg loossen.

Natierlech dierf awer och net ausser Uecht gelooss ginn, dass hannert de meeschten ëffentlechen Administratioune politesche Gremie stinn, déi sech éischter manner risikofreedeg an innovatiounsbereet weisen.

D’Ausnam bestätegt d‘Reegel!

Virun dräi Joer hunn déi politesch Verantwortlech vum SIGI d’Decisioun getraff, menger Ekipp/mir ze vertrauen an eis dobäi ze ënnerstëtze fir déi traditionell IT- Entwécklung ze änneren, no där de SIGI zënter 35 Joer geschafft huet. Doduerch dass de SIGI déi informatesch Métiersprozesser vun 101 Gemengen zu Lëtzebuerg assuréiert, huet dës Entscheedung en bedeitenden Impakt op déi digital Entwécklung am Land.

Als ëffentlech Administratioun hat de SIGI sech fir e richtege Paradigmewiessel entscheet andeems mer d’Manéier wéi IT-Produkter entwéckelt ginn néi erfonnt hunn. Mam SIGINOVA hu mir mat enger Low-Code-Method eng eege Programméiersprooch developpéiert fir nei Métiersproduite fir eis Gemengen ze entwéckelen. Scripting ass dat neit Programméiere ginn.

Dës nei Approche gouf och vu Verännerungen an eiser Struktur begleet: Mir hunn déi konventionell Hierarchie ofgeschaf an duerch eng flaach Organisatioun ersat. Eis Ekippe schaffen no agile Valeuren. Dëst Ëmfeld fërdert flexibel an méi onkonventionell Iddien ervirzebréngen. E Konzept dat och a Start-Upen ugewannt gëtt.

Fir eise Mataarbechter d’Entwécklung vu Clients-orientéierte Produiten ze erméiglechen, hu mir eng Produktiounsmethod a 6 Etappen ausgeschafft, déi vun der Analyse vun de Besoine vum Client bis bei den Deploiement vu senger Léisung an de Gemenge geet.

Mir hunn eis Mataarbechter bei dëse grondleeënde Verännerunge begleet duerch Formatiounen an dem Lancement vun der SIGINOVA Academy. Hei léieren eis Kollaborateuren (an eventuell aner interesséiert Acteuren) de Scripting a kënnen hir Kompetenze verbesseren.

An der haiteger Zäit gëtt immens séier innovéiert, an den ëffentleche Secteur kann et sech net leeschten, net méi no ze kommen. Grënn heifir gëtt et der genuch: Éischtens besteet d’Demande vun der Säit vun de Biergerinnen a Bierger un hir Administratiounen, sech digital unzepassen. Ëmmer méi Biergerinnen a Bierger si „digital natives“ an erwaarden sech eng user-centric Clientserfarung. Zweetens hënnere vill bürokratesch Prozeduren d’Administratiounen nach ëmmer drun, hir Ressourcen optimal an am Sënn vun enger administrativer Vereinfachung ze notzen. Drëttens, an ouni mir wëllen unzemoossen hei all d’Argumenter opgelëscht ze hunn, ass e Leadership an innovativen a digitale Léisungen an engem vun de séier wuessenden zukunftsorientéierte Beräicher vun eiser Ekonomie e wichtege kompetitive Virdeel fir eist Land.

 

English version