« Cimetières » – Produit a Service aus enger Hand

Wousst Dir schonn dass de SIGI Iech bei der Dematerialisatioun vun Ären Donnéeën eng ganz praktesch Hëllef ubitt ? Mat eisem neie Service kënne mir och Är Gemeng ënnerstëtze fir hir Donnéeë séier a fiabel ze encodéieren. De SIGI ass virun allem fir seng Informatiksproduite fir d’Gemenge bekannt, mee neierdéngs bidde mir och Servicer an dësem […]

Wousst Dir schonn dass de SIGI Iech bei der Dematerialisatioun vun Ären Donnéeën eng ganz praktesch Hëllef ubitt ? Mat eisem neie Service kënne mir och Är Gemeng ënnerstëtze fir hir Donnéeë séier a fiabel ze encodéieren.

De SIGI ass virun allem fir seng Informatiksproduite fir d’Gemenge bekannt, mee neierdéngs bidde mir och Servicer an dësem Beräich un. Sou kann z.B. ee vun eise Mataarbechter an der Gemeng selwer déi néideg Encodage-Aarbechten iwwerhuelen an dobäi an engems sécherstellen, dass déi original Donnéeën a Pabeierformat korrekt an de Programm iwwerdroe ginn a sou optimal agesat kënne ginn.

Wann Dir ufänke wëllt mat der Applikatioun Cimetières Äre Kierfecht oder Är Kierfechter ze geréieren, mee awer net genuch Zäit a Leit hutt, fir déi historesch Donnéeën ze encodéieren, stellt de SIGI Iech déi néideg Ressourcen zur  Verfügung fir Iech bei der Dematerialisatioun, respektiv der Digitalisatioun vun Ären Daten ze ënnerstëtzen.

Déi éischt, déi dëse Service an Usproch geholl huet, war d’Gemeng Iechternach. Wéi si am Gaang waren, Cimetières anzeféieren, hu si festgestallt, dass si Hëllef bei dësen Aarbechte gebrauche kéinten, an d’Gwendoline Grimont vum SIGI ass an d’Gemeng gaange fir dës Tâchen ze iwwerhuelen.

An 100 Schaffdeeg sinn 1.089 Griewer mat 1.684 Plazen an 4.188 Verstuerwener (säit 1842) erfaasst ginn. Dofir sinn d’Dossieren déi nach op Pabeier ware gescannt ginn, Fotoe vun all Graf gemaach ginn an dann déi Donnéeën an de Cimetières integréiert ginn. Ausserdeem sinn all noutwenneg Dokumenter déi zu de Griewer gehéieren (Konzessiounen, Permis d’inhumé asw.) agescannt ginn. Eis Mataarbechterin huet och mam Service Technique Récksprooch gehalen, fir sécherzestellen dass all relevant Donnéeë fir d’Gestioun vum Kierfecht, déi jo dacks op verschiddene Plaze stockéiert sinn, regroupéiert ginn.

Zu Iechternach ass elo de ganzen Encodage Cimetières ofgeschloss an déi nächst Aufgab steet un: d’Digitaliséiere vu Baugeneemegungen an d’Erfaasse vun de PAG- a PAP-Reglementer mat deenen néidege Verknëppungen. A bäi där Geleeënheet gëtt och gläich de Bauteregëster op den neiste Stand bruecht.

No där gudder Erfarung hu sech nach eng Rei aner Gemenge fir dee Service interesséiert a mëttlerweil huet de SIGI den Encodage Cimetières fir Iechternach, Feelen, Fréiseng a Sandweiler ofgeschloss a bäi der Gemeng Rëmeleng gëtt déi Aarbecht an nächster Zäit an Ugrëff geholl.

Wéinst dem grousse Succès bei de Gemengen huet eis Direktioun decidéiert, déi Offer auszebauen an e Service Encodage unzebidden. Am Prinzip kann dëse Service fir all Applikatioune vum SIGI offréiert ginn. An op déi Manéier wëlle mir eiser Ambitioun, de Gemengen an hire Bierger zur Säit ze stoen, nach besser gerecht ginn.

Kontakt: Är Kontaktpersoun fir weider Informatiounen zu dësem Service

Philipp Dahlem – Lead Métier, Centre de compétences Aménagement du territoire / Offices sociaux

Email: philipp.dahlem@sigi.lu

Téléphone: +352 35 00 99-277