Accueil - D’Budgetspreparatioun

D’Budgetspreparatioun

D‘Budgetspreparatioun, ass eng vun deene wichtegsten Aufgabe vun der Gemeng well de Budget vum nächste Joer wäitreechend Konsequenze fir de gudde Fonctionnement an déi zukünfteg Entwécklung vun der Gemeng huet.

Well de Budget sou eng grondleeënd Funktioun huet, wonnert et och net, dass munch Gemenge schonn am Juli mat éischten Iwwerleeungen dozou ufänken. Mee déi „heisse Phase“ vun der Budgetspreparatioun ass da vum Oktober bis den Dezember.

Mir stinn de Gemengen hei kompetent an zouverlässeg mat eise Produiten a Servicer zur Säit.

Eng vereinfacht Koordinatioun beim Ausschaffe vum Budget

Mat der Applikatioun « Préparation Budget » kann de Verantwortleche vum Budget d’Servicer an de Planning mat abannen. Déi eenzel Servicer kënnen sou hiren eegene Budget opstellen, deen da vum Verantwortleche validéiert gëtt éier en dem Gemengerot virgeluecht gëtt.

Eng Optimal Formatioun fir d‘Fonctionnairen

Ganz wichteg sinn och d’Budgetsformatiounen, déi reegelméisseg zu Conter an zu Houschent ugebuede ginn a bal ëmmer ausgebucht sinn. Et gi jeeweils spezifesch Budgetscoursë fir d’Gemengen, d’Gemengesyndikater an d’Offices Sociaux. Sou kënnen nei Collaborateure forméiert oder Kenntnesser opgefrëscht ginn.

2019 huet de SIGI 7 Coursë mat 156 Participanten aus 62 Gemengen, 17 Gemengesyndikater a 34 Offices sociaux ugebueden.

De SIGI – den Uspriechpartner fir d’Gemengen an de Ministère

Ausserdeem bitt de SIGI wärend der Budgetsperiod och säi Service Client un. Bei Froen zur Budgetspreparatioun geet et duer, eise Support unzeruffen, fir direkt a kompetent weidergehollef ze kréien.

De SIGI ass och a Kontakt mam Inneministère fir um neiste Stand ze bleiwe wat Ännerunge bei de Budgetsmodalitéiten ugeet a suergt dofir dass de GESCOM entspriechend ugepasst gëtt an ëmmer um neiste Stand vun der Legislatioun ass.