Accueil - De Produit Ménages – eng kollaborativ Entwécklung am SIGINOVA
Projets client

De Produit Ménages – eng kollaborativ Entwécklung am SIGINOVA

De Populatiounsregëster ass d’Häerzstéck vun der Verwaltung vun enger Gemeng. Duerfir ass dësen och am Fokus bei den éischte kollaborativen Entwécklungen am SIGINOVA gewiescht.

Sämtlech Demarchen, déi vun enger Gemeng gemaach ginn, gräifen op de Populatiounsregëster zréck. Dëst ass am Populatiounsbüro a beim Etat Civil de Fall, mä och bei anere Prozesser, wéi zum Beispill enger Baugeneemegung, der Gestioun vun de Poubellen oder och bei der Facturatioun.

Dëse Regëster ass souzesoen d’Häerzstéck vu ganz ville kommunalen Demarchen, an dofir ass dat och ee vun den éischte Produiten, déi am SIGINOVA entwéckelt gi sinn, D’Gestion des ménages ass elo prett, fir an de Gemengen deploiéiert ze ginn. An deenen nächste Schrëtt kënnen da weider SIGINOVA-Servicer op d’Populatiounsdonnéeën zougräifen, wéi zum Beispill Baugeneemegungen oder den Etat Civil.

Ee vun de Kärstécker vum SIGINOVA ass de kollaborative Prozess, dat heescht, dass de Benotzer scho vun Ufank u mat u Bord ass, fir seng Besoinen a seng Iddien afléissen ze loossen.

Dëst huet de SIGI zesumme mat enger Rei Gemengen am Kader vu Conseils techniques a Workshoppen am Laf vun de leschte Méint realiséiert, an esou e SIGINOVA-Produit entwéckelt, deen esou de Besoine vun de Mataarbechter vun der Gemeng an och vun de Bierger gerecht gëtt – an dëst am Respekt vun den Dateschutzreegelen.

Wéi e Gemengemataarbechter dëse kollaborative Prozess erlieft huet, erzielt de Pascal Welter vun der Gemeng Wuermer, deen d’Konzeptioun vun der Gestion des ménages am SIGINOVA vun Ufank u begleet huet.