Accueil - Dem SIGI seng Léisungen an Zäite vu Covid-19 an Homeoffice

Dem SIGI seng Léisungen an Zäite vu Covid-19 an Homeoffice

Nodeems d’Regierung den 12. Mäerz 2020 streng Sécherheetsmesurë fir Schoulen, Evenementer, d’Geschäftswelt an d’Gastronomie annoncéiert hat, stoungen och d’Lëtzebuerger Gemenge viru groussen Erausfuerderungen.

De SIGI huet seng Membersgemengen direkt kontaktéiert, fir Léisunge fir d’Kommunikatioun mat de Bierger an awer och fir den Télétravail unzebidden.

Operationnel och am Homeoffice

An enger éischter Phase war et wichteg sécherzestellen, dass d’Gemengen an hir Mataarbechter och vun doheem aus géifen operationnel bleiwen. Esou konnten si sech iwwert eng geséchert VPN-Verbindung op de GESCOM connectéieren, fir weider  hire Missiounen nozekommen.

Iwwert de SIGIdrive gëtt et d’Méiglechkeet, datenintensiv Dokumenter sécher ze deelen an ze stockéieren, souwuel innerhalb vun enger Administratioun ewéi och nach mat externe Partner.

Mir kruten och eng Rei Ufroe fir nees Sëtzunge vum Schäfferot oder dem Gemengerot kënnen ofzehalen. Dorops hin ass kuerzfristeg eng Léisung ausgeschafft ginn, fir Videokonferenzen ze organiséieren, sief et fir déi politesch Organer oder fir déi eenzel Servicer. Eis Léisung baséiert op enger open-source Technologie an entsprécht de Reegelen vun Dateschutz a Sécherheet. Bis ewell notze ronn 40 Gemenge reegelméisseg dës Léisung an de Feedback ass ganz positiv …. wéi d‘Beispill vun der Gemeng Conter weist, déi hire Gemengerot iwwert eis Léisung organiséiert huet.

Kommunikatioun mam Bierger

An dësen Zäite war de Besoin nach méi grouss, fir schnell an onkomplizéiert mat de Bierger ze kommunizéieren. D’Benotzung vum Service sms2citizen ass staark an d’Luucht gaangen. De grousse Virdeel vum sms2citizen ass seng Einfachheet: Esou kënnen och zum Beispill Leit ouni Smartphone oder ouni Internetuschloss séier erreecht ginn. Am Mäerz 2020 si ronn 4 Mol méi Message verschéckt ginn, wéi am Mäerz 2019.

Organisatioun vum SIGI

Och mir hunn eis de Konditiounen ugepasst fir den Encadrement vun eise Membersgemenge weiderhin ze garantéieren. Ronn 95 % vun de Mataarbechter sinn am Homeoffice a benotzen déi verschidde Léisunge (Accès VPN, SIGIdrive, Videokonferenz etc.) fir ze schaffen.

En aneren Aspekt waren d’Formatiounen. Virun allem déi fir d’Clôture vun de Compte ware wichteg fir d’Gemengen, d’Syndikater an d’Offices sociaux. Duerfir hunn eis Equipen dës Formatiounen a Form vu „Webinars“ ofgehalen, fir sécherzestellen, dass déi eenzel Mataarbechter déi néideg Informatiounen hunn. Bis Enn Abrëll hu ronn 130 Persounen un dëse Webinars deelgeholl.

Mir si frou, dass eis Léisunge vun de Gemenge benotzt gi si fir de Bierger en adequate Service unzebidden. Déi verschidden Echange mat hinnen an och mat aneren Akteuren hunn eis gehollef, fir pragmatesch a séier Léisungen ze fannen.