Accueil - D’Gemeng Pëtschent lancéiert den éischten Internetsite vun der neier Generatioun
Uncategorized

D’Gemeng Pëtschent lancéiert den éischten Internetsite vun der neier Generatioun

Pëtschent war eng vun de Pilotgemenge fir dem SIGI seng nei Léisung fir Internetsitten. Am Juni hu si hiren neien Optrëtt fir eng modern Kommunikatioun mam Bierger virgestallt.

Um SIGIDay 2019 huet de SIGI seng nei Léisung fir d’Kreatioun vun der nächster Generatioun vun Internetsitten op Basis vu WordPress virgestallt an huet no Pilotgemenge gesicht. D’Gemeng Pëtschent, a virun allem hire Mataarbechter de Jerry Breuer, waren interesséiert a ware vun der éischter Stonn un mat involvéiert.

Hinnen ass bewosst, dass en Internetsite oft den éischte Kontaktpunkt fir de Bierger ass, an duerfir ass et wichteg, dass Informatiounen an Dokumenter musse séier zougänglech sinn. Och d’Ausgesinn vum Site ass wichteg, well en Internetsite spigelt d’Identitéit vun enger Gemeng erëm. An natierlech muss och den technesche Volet am Hannergrond performant an einfach ze gebrauche sinn.

E puer Deeg virun der Presentatioun konnte mir dem Jerry Breuer vun der Gemeng e puer Froe ronderëm dëse Projet stellen:

Wisou war an Ärer Gemeng de Besoin, fir en neien Internetsite ze erstellen?

Ech hu virun 2 Joer ugefaangen op der Gemeng ze schaffen, an ech sollt mech mat alles beschäftege, wat mat Digitalisatioun an online Kommunikatioun ze doen huet. Eise bestoende Site war ganz OK, mä d’Gestioun war e bësse schwéierfälleg an et huet mir och u Flexibilitéit gefeelt. Wéi ech dunn déi éischt Demonstratioun vu WordPress vum SIGI gesinn hunn, war ech ganz begeeschtert. Et war genau de richtegen Outil fir eis Gemeng.

Firwat ass Äre Choix op de SIGI a seng Léisung mat WordPress gefall?

Ech krut vun eisem Schäfferot fräi Hand. Wat mech iwwerzeegt huet, war de Package, deen ech vum SIGI gebuede krut: Mat WordPress eng flexibel an einfach zougänglech Technologie, a mat der Equipe vum SIGI e kompetente Partner an der Ëmsetzung. Ech denken, dass d’Flexibilieit et all Gemeng erlaabt, de Site op hir ganz spezifesch Besoinen unzepassen.

Wéi ass déi Zesummenaarbecht ofgelaf?

Den Encadrement vum Robi Ries senger Equipe war professionell a frëndlech. Mir hunn eis op eng vum SIGI senge Maquette baséieren, hunn déi liicht ugepasst an de SIGI huet eis de Contenu vum ale Site eriwwer migréiert. Ech hunn duerno just nach missen de Finetuning maachen. Wann ech mol eng Fro hat, krut ech ëmmer schnell weidergehollef, och wat de Contenu ugaangen ass.

Wéi zefridde sidd Dir mam Resultat?

De Site ass méi iwwersiichtlech, huet méi Dynamik, esou dass de Bierger e modernen an effikasse Service gebuede kritt.

Och vu Säite vum Schäfferot ass de Feedback ganz positiv. De Buergermeeschter Roger Zanter: „Et louch eis um Häerz, dass eisen neien Internetsite d’Identitéit an d’Liewensgefill vun eiser Gemeng erëmspigelt. Eis als Gemeng ass et och wichteg, fir Transparenz an der Kommunikatioun mam Bierger duerzestellen, sief et iwwert eise Site oder iwwert eis sozial Medien. De Bierger kënnt op eisen Internetsite, wann hien eppes Konkretes sicht, an da soll hien déi Informatiounen och schnell an intuitiv fannen. Mir hunn elo vun dëser Geleeënheet profitéiert, fir eise Site ze moderniséieren.“

Den neie Site fannt Dir op www.putscheid.lu