Accueil - Digital Ëmsetzung vun « Projets extraordinaires » am SIGINOVA
Projets client

Digital Ëmsetzung vun « Projets extraordinaires » am SIGINOVA

En Abléck an de Co-Design vum Produit "Projets extraordinaires" am SIGINOVA zesumme mat der Gemeng Déifferdeng.

D’Planifikatioun vu Projets extraordinaires an enger Gemeng ass e villschichtege Prozess. Ugefaange bei der Etude de faisabilité, de verschiddenen Etappe vum Avant-Projet bis zu der finaler Ausféierung, muss an engem Projet extraordinaire den optimale Suivi, d’Documentatioun an d’Abanne vun de verschiddene concernéierte Servicer garantéiert sinn.

Een vun de Virdeeler vun der SIGINOVA Plattform läit ënnert anerem an der grousser Upassungsfäegkeet, déi eng einfach an intuitiv Ëmsetzung vu komplexen Aarbechtsprozesser erméiglecht. Dofir huet d’Gemeng Déifferdeng zesumme mam SIGI ugefaangen, hir Projets extraordinaires am SIGINOVA ze co-designen. An dësem kollaborative Prozess, deen en zentraalt Element vum SIGINOVA ass, goufe Conseils techniques a Workshoppe realiséiert fir déi verschidde Prozesser an der Gemeng ze analyséieren an esou en optimiséierten Aarbechtsoflaf am SIGINOVA ze kreéieren. Dëse Projet reit sech an déi digital Transformatiounsstrategie vun der Gemeng an.

Wéi dësen zukünftege Produit d’Besoine vun der Gemeng erfëllt a wéi si des Zesummenaarbecht mam SIGI erlieft huet, erzielt eis d’Laure Kerger aus dem Service technique vun der Gemeng Déifferdeng.