Accueil - „Denkt méi wäit wéi Ären Handy“

„Denkt méi wäit wéi Ären Handy“

Sidd Dir Iech de Gefore bewosst, déi Äre Smartphone oder Är smart Auer mat sech bréngen? Déi nei Campagne vu securitymadein.lu an dem SIGI weist Iech, wéi Dir se richteg schütze kënnt.

De Smartphone ass eisen treie Begleeder am Alldag. Mir benotzen eisen Telefon scho laang net méi nëmme fir ze telefonéieren oder fir eng SMS ze verschécken, mä mir organiséieren domat e groussen Deel vun eisem Liewen: Kalenner, Fotosapparat, sozial Medien, E-Mail, Musek a.s.w. Fir d’Méiglechkeete voll auszenotzen, muss de Smartphone natierlech permanent mam Internet verbonne sinn a mir hänken nach aner Gadgeten, wéi smart Aueren oder kabellos Kopfhörer drun.

Donieft rüste vill Leit hiert Doheem ëmmer méi mat connectéierten/verbonnenen Apparater aus : Eng Kamera fir d’Entréesdier ze iwwerwaachen oder eng Kaffismaschinn, déi iwwert eng App ka gesteiert ginn.

Den Ensembel vun all deene connectéierte Geräter gëtt „Internet of Things (IOT) “ genannt.

De prakteschen Notze vun all deene modernen Accessoiren ass grouss a mir profitéiere vun de Méiglechkeeten.

Mä all Apparat, deen um Reseau hänkt, bréngt och Risike mat sech.

Sensibiliséierungscampagne fir Bierger a Verwaltungen

Fir iwwer dës Risiken opzeklären, schléisst de SIGI sech der Sensibiliséierungscampagne vu securitymadein.lu un, déi sech esou wuel un d’Verwaltungen, wéi och un d’Bierger riicht, an déi iwwer déi potenziell Geforen informéiert : Vol vun Donnéeën an Tracking vu Persounen, bis hin zur Erpressung. 

Wéi mat IOT-Geräter ëmgoen?

Wann Dir Apparater benotzt, déi mam Internet verbonne sinn, recommandéieren d’Spezialiste vun der Cyber-Sécherheet folgend Punkten ze berécksiichtegen:

  • Benotzt staark Passwierder
  • Schalt Geräter, déi Dir net benotzt, aus an huelt se vum Reseau
  • Benotzt Produite vu bekannte Marken
  • Séchert Äre WiFi-Reseau
  • Liest d’Kontrakter an d’Benotzungsbedéngungen am Detail
  • Maacht reegelméisseg Updatë vun Äre Geräter

All Detailer vun der Campagne fannt Dir op https://secure-iot.lu

Securitymadein.lu ass déi staatlech Instanz fir Cyber-Sécherheet. Hiert Zil ass et, all d’Informatiounen an d’Neiegkeete ronderëm d’Sécherheet am Internet zesummen ze droen a senge Partner Léisungen zur Verfügung ze stellen. De SIGI ass ee vun de Partner vu securitymadein.lu.