Accueil - E Mount ganz am Zeeche vun der Collaboratioun

E Mount ganz am Zeeche vun der Collaboratioun

Den Dialog an d’Zesummenaarbecht mat senge Partner ass fir de SIGI enorm wichteg fir senge Missiounen am Déngscht vun de Gemenge gerecht ze ginn. An dësem Kader konnte mir am November Vertrieder vu verschidde Ministèren a vum SYVICOL bei eis begréissen.

De SIGI, als Partner vun de Gemengen, schafft mat vill Energie drun, fir hinnen zur Säit ze stoe fir déi grouss Erausfuerderunge vun der Zukunft unzegoen: Digitalisatioun, d’Reform vum Gemengegesetz, déi administrativ Vereinfachung oder och nach de Logement.

Fir dëst kënnen ze erreechen, ass eng enk Zesummenaarbecht mat eise Partner ausschlaggebend.

Et geet drëms, fir e bessert Verständnis vun deene jeeweilege Besoinen a Contrainten ze gewannen.  Ausserdeem ass et wichteg, dass net nëmmen d‘Akteuren am kommunale Beräich zesummeschaffen, mee dass och d’Koordinatioun tëschent dem lokalen an dem nationalen Niveau garantéiert gëtt.

Duerfir war den 13.11.2019 de President vum SYVICOL, den Här Emile Eicher op Besuch beim SIGI. A senger Entrevue mam Yves Wengler, de Membere vum Bureau a mam Direkter Carlo Gambucci gouf et en Austausch zu de groussen Dossieren.

 

Vu lénks no riets: Emil Eicher, President SYVICOL, Yves Wengler, President SIGI, Nico Jacobs, éischte Vize-President SIGI

D’Zesummenaarbecht tëscht den 2 gréisste Gemengesyndikater baséiert sech op hir gemeinsam Ziler: d’Stäerken vun der Gemengenautonomie an d’Entwéckele vu modernen an effikassen Aarbechtsmethoden.

Den Emile Eicher an den Yves Wengler hu festgehalen, dass d’Equipe vum SIGI a vum SYVICOL sech sollen an Zukunft regelméisseg gesinn, fir weiderhin am Interessi vun de Gemengen an hire Bierger zesummen ze schaffen.

Den 18.11.2019 huet den Direkter vum SIGI, de Carlo Gambucci, eng Delegatioun vum Ministère de la Digitalisation zu Conter begréisst. An dëser Aarbechtssëtzung hat de SIGI d’Geleeënheet, seng Kompetenzberäicher a seng Projeten un d’Vertrieder vun dësem nach jonke Ministère ze presentéieren.

An den 28.11.2019 hate mir d’Éier, d’Madamm Taina Bofferding, Inneministesch, zesumme mat hirer Equipe am Siège vum SIGI empfänken ze dierfen. Am Gespréich mam President a mam Direkter vum SIGI hat d’Madamm Bofferding d’Geleeënheet, de SIGI mat senge Kompetenze kennenzeléieren a sech iwwert déi innovativ Projeten ze informéieren, déi am Gaang sinn ausgeschafft ze ginn.

Vu lénks no riets: Nico Jacobs, éischte Vize-President SIGI ; Taina Bofferding, Inneministesch ; Yves Wengler, President SIGI ; Luc Feller, Member vum SIGI Bureau

De SIGI freet sech op eng weider erfollegräich Zesummenaarbecht mat dëse wichtegen Acteuren am nächste Joer.