Accueil - E weidere konkrete Schrëtt a Richtung open source

E weidere konkrete Schrëtt a Richtung open source

Sharepoint, eng Léisung fir d’Gestioun vun Dokumenter am back end, gëtt duerch eng open source Technologie ersat.

De SIGI huet sech am Joer 2018 d’Zil ginn, fir méi onofhängeg vun der Lizenzpolitik vu grousse Software-Entreprisen ze ginn. Am Kader vu dëser open source Strategie wäerte Programmer, fir déi eng Lizenz muss bezuelt ginn, ersat ginn.

Wat fir eng konkret Dimensiounen esou e Wiessel mat sech brénge kann, gesi mir grad um Projet Sharepoint.

De Sharepoint ass eng Solutioun vu Microsoft a gëtt haaptsächlech benotzt, fir Dokumenter an Informatiounen ze geréieren. De SIGI benotzt de Sharepoint bei enger Rei Léisungen, fir am Hannergrond Dokumenter ze späicheren, esou zum Beispill bei der Gestioun vum Courrier entrant, de Rechnungen, dem Chéque Service oder och nach bei der Gestioun vun de Kierfercher. Verschidde Gemenge benotzen Sharepoint-Solutiounen och direkt als Plattform fir den Intranet.

No enger Analyse goufen elo déi néideg Ressourcen a Programmer en place gesat, fir e propperen Iwwergang ze garantéieren. Den Notzer an der Gemeng oder de Bierger wäerten dësen Ënnerscheed net mierken, an den Zougang zu den Dokumenter wäert och zu all Moment assuréiert sinn.

Dëse Wiessel  ass och drop ausgeluecht, dass déi nei Solutioune kënnen an de SIGINOVA integréiert ginn.

Nieft den technologeschen Effekter wäert d’Ofschafe vu Sharepoint mëttelfristeg och e positiven Impakt op de Budget vum SIGI an op d’Contributioune vun de Gemengen hunn.