Accueil - En Digitalisatiouns-Pakt fir Lëtzebuerg!

En Digitalisatiouns-Pakt fir Lëtzebuerg!

Lëtzebuerg huet déi beschten Ausgangspositioun, fir déi digital Transformatioun vun de Verwaltungen unzegoen. Viraussetzung dofir ass allerdéngs, dass d’Gemengen an de Stat dëst als Prioritéit definéieren a sech déi néideg Ressource ginn.

Am leschten “Digital Economy and Society Index (DESI)” bestätegt d’Europäesch Kommissioun Lëtzebuerg e Mangel un Engagement am Beräich vum e-gouvernement.  Do däerf ee sech d’Fro stellen, ob Lëtzebuerg als klengt Land mat enger éischtklasseger technescher Infrastruktur, net vill besser do stoe misst, wann et ëm Digitalisatioun geet? D’Viraussetzungen duerfir sinn do: Spillraum am ëffentleche Budget an e kommunale Secteur, deen duerch eis zentraliséiert Struktur ideal opgestallt ass, fir Projete séier kënnen ëmzesetzen.

Benchmarke bestätegen eis, dass lëtzebuergesch Verwaltungen ënnert dem EU Duerchschnëtt leien, wann et ëm Investitiounen an hir Digitalisatioun geet. Och vu staatlecher Säit brauchen d’Gemengen Ënnerstëtzung fir an der Digitalisatioun weider ze kommen, well ëmmer méi Projeten eng inter-administrativ Dimensioun hunn, wéi zum Beispill de Pacte Climat oder och de Pacte Logement, deen elo och mat Hëllef vum SIGINOVA deploiert gëtt.

Digitalisatioun ass fir de SIGI méi, wéi PDFen per E-Mail vun enger Verwaltung an déi aner ze schécken. Et geet dorëms, Prozesser vun A bis Z ze verstoen, a se mat iech zesummen am Co-Design digital ëmzesetzen.

Fir dëst Zil ze erreechen, ass e groussen Engagement vun allen Acteuren néideg: D’Regierung sollt der Digitalisatioun de richtege Stellewäert ginn, déi néideg Investissementer maachen a se den Acteuren zur Verfügung stellen; d’Gemengen an de SIGI, mat senger bal 40-järeger Expertise an Erfarung, sollten sech d’Moyene ginn, fir zesummen de Wee an d’Digitalisatioun kënnen ze goen.

D’Finanzen si sécherlech e wichtegen Aspekt vun der Digitalisatioun. Et brauch een awer och de politesche Wëllen, déi digital Transformatioun als Prioritéit festzeleeën.

Well dësen Investment a mengen Aen ouni Alternativen ass, huet de SIGI d’Idi vun engem „Pacte de Digitalisation“ fir d’Gemengen ugestouss. Dëse Pakt soll de Verwaltungen déi néideg Mëttel fir digital Projeten zur Verfügung stellen.

Um SIGIDAY 2021 hate mir d’Geleeënheet iech en Abléck an en aktuellen digitalen Transformatiounsprozess ze ginn. Am Kader vun enger Table ronde hunn den Henri Krecké an de Max Felten vun der Gemeng Déifferdeng iwwert hir Erfarunge geschwat. Dës Temoignagen a weider flott Andréck vum SIGIDAY fannt Dir an dësem Réckbléck.

Ech wënschen iech eng flott Lektür.

Yves Wengler

President vum SIGI