Digital Transformatioun ass wuel eent vun de heefegste Schlagwierder an dësen Deeg. Kee kann sech den digitalen Technologien a Prozesser entzéien, déi eist Privat- a Geschäftsliewe veränneren, an och d’Administratioune mussen sech dësem Wandel stellen.

Et gëtt keng allgemenggëlteg Definitioun fir de Begrëff « digital Transformatioun ».

Jiddwer Administratioun muss d’Digitalisatiounsstrategie an hirem eegene spezifesche Kontext definéieren, als éischt mat enger Analys vun hiren Acteuren an hire Wäertschëpfungsprozesser, duerno mat den Ofleef an hirer aktueller Organisatioun a schliisslech mat der Definitioun vun den Transformatiounsziler, déi an engem kloer definéierten Zäitkader erreecht kënne ginn.

Bei der digitalen Transformatioun geet et awer net nëmmen ëm Technologie. Et geet ëm Prozesser, Date Strukturen, Organisatioun , Mënschen a Methodologien, mat dem Zil, eng Wäertsteigerung an erweidert Servicer fir de gesamten Ekosystem a seng Stakeholder ze erbréngen. D’Haapterausfuerderung fir eng Administratioun, déi sech op eng erfollegräich Rees an d’Digitalisatioun opmécht, besteet deemno an der Vernetzung vun existenten, eegestännegen Aktivitéiten/Prozesser mat engem connectéierten, digitaliséierten an nei gestalten Ëmfeld. Esou entsteet de Potential nei Produiten a Servicer fir de Bierger kennen ze schafen.

D‘Pandemie hat e groussen Impakt op déi traditionell Aarbechtsofleef an der Administratioun, well perséinlech Bespriechungen ageschränkt oder ofgesot goufen a vill Mataarbechter vun doheem aus hu misse schaffen. Dës onerwaarte Verännerung huet d‘Nodenken doriwwer, wéi een der Ëffentlechkeet méi digital a manner Pabeier baséiert Servicer zur Verfügung stelle kann, beschleunegt.

E puer Beispiller fir nei Servicer, déi duerch eng besser Dateconnectivitéit entstoe kënnen: Eng national digital Austausch Plattform tëschent Administratiounen, déi e Prozess vun A bis Z ofwéckelt an d‘Bierger mat abezéie kann, wat zu enger Reduzéierung vun de Waardezäiten duerch en transparenten Traitement vun Dossiere féiert. Mat der Aféierung vun  digitale Rendez-vouse mat der Administratioun kéinten nei Beaarbechtungsservicer fir d‘Bierger entstoen, oder et kéint eng méi breet Offer un zougänglechen digitale Servicer ausserhalb vun den normalen Ëffnungszäiten ugebuede ginn.

Ech si fest dovun iwwerzeegt, datt d‘Digitalisatioun eng grouss Chance duerstellt, fir d‘Liewensqualitéit vun de Leit däitlech ze verbesseren.

Hindernisser um Wee an déi digital Transformatioun vun den Administratiounen

Laut verschiddenen Ëmfroe sinn déi zwee gréissten Hindernisser fir dës Transformatioun an den Administratiounen dat feelend digitaalt Bewosstsinn vun den Administratiounen an déi bestoend traditionell Administratiounsstrukturen. Estland gëtt oft als Virbild zitéiert, wann et ëm déi digital Transformatioun vun Administratioune geet. Dat léisst sech vläicht duerch déi relativ jonk Administratiounsstruktur an déi domat verbonne Reduktioun vun den Allaaschte vun deem Land erklären.

Déi digital Transformatioun zeechent sech duerch e radikaalt Iwwerdenke vun der Aart a Weis aus, wéi d’Administratiounen Technologien, Mënschen a Prozesser asetze fir d’Geschäftsentwécklung fundamental ze veränneren.

De Wandel kann awer nëmmen duerch d’Mënschen an en digitalen, inklusive Mindset zustane kommen. Deemno muss d’Beleegschaft virbereet ginn, fir d’Angscht virun enger Kannibaliséierung vun Aarbechtsplazen duerch d’Technologie z’eliminéieren.

Et féiert kee Wee dolaanscht, niewent der Digitalisatioun vun deenen eenzele Geschäftsprozesser zousätzlech d’Organisatiounsstrukturen ze erneieren, well doduerch verschidden Aarbechtsphasen nei gestalt ginn. Doriwwer eraus  gëllt et human Faktoren ewéi Psychologie oder Empathy mat ze consideréieren. Déi digital Transformatioun ass e Parcours. Si geschitt an Etappen.

Op jiddwer Fall ass d’Transformatioun, déi et unzestriewe gëllt, esou bedeitend, datt et net un Aarbecht feele wäert.

Et ass awer och politesche Courage gefrot fir rechtlech an institutionell Barrièren z’iwwerwannen. Sou ass beispillsweis de feelende gesetzleche Kader fir déi elektronesch Signatur en zentraalt Hindernis fir eng nahtlos Digitalisatioun vu Geschäftsprozesser an de Lëtzebuerger Gemengen. Dat ass en Thema, iwwer dat, wéi ech weess, zënter op mannst engem Joerzéngt diskutéiert gëtt. Déi beschten Technologie kann net bei der Digitalisatioun hëllefen, wa grondleeënd Reflexer net duerch Gesetzer erméiglecht ginn. Et ass keen Zoufall, datt dee rezenten Digital Economy and Society Index (DESI) vun der Europäescher Kommissioun uweist, datt Lëtzebuerg bei der E-Government-Performance hannendrun hippt.

An Däitschland gëtt et zum Beispill d’Onlinezugangsgesetz, dat jiddwer däitsch Administratioun dozou verflicht, hir ëffentlech Servicer bis 2023 an digitaler Form bereetzestellen.

De Gedanken dobäi ass, keng Formulairen ze hunn, déi geprint an am Hibléck op hiren Traitement un d’Administratioun zeréckgeschéckt ginn, oder en Tëschesystem, bei deem een d’Donnéeë muss manuell aginn, fir zu engem Resultat ze kommen, mä alleguerten d’Acteuren digital an nahtlos anzebannen.

Mir gefält d’Iddi vun der digitaler Inklusioun vun all den Acteuren an de Prozess an ech si ganz zouversiichtlech, datt de SIGI mat eiser Digital-Government-Plattform SIGINOVA gutt drop preparéiert ass, den digitalen Transformatiounsparcours vun de Lëtzebuerger Administratiounen iwwer déi nächst Joer z’ënnerstëtzen.

 

English version