Accueil - Facturation électronique – eng reell Plus-value fir d‘Gemengen

Facturation électronique – eng reell Plus-value fir d‘Gemengen

Am Kader vun de Marchés publics muss all Fournisseur ab dem 18. Mee seng Rechnungen elektronesch verschécken. Iwwert déi éischt Erfarunge mat dësen elektronesche Rechnungen am SIGINOVA hunn mir mam Robert Dom vun der Gemeng Käl Téiteng geschwat.

Ab dem 18. Mee trëtt dat neit Gesetz a Kraaft dat virgesäit dass am Kader vun de Marchés publics an de contrats de concession, all Fournisseur seng Rechnungen am elektronesche Format muss erstellen a verschécken. Dëst neit Gesetz gëllt deemno och fir den ëffentleche Secteur. All opérateur économique muss an deem Fall sécherstellen dass elektronesch Rechnung kennen empfaangen an traitéiert ginn. Detailer zu dësem Gesetz sinn ënnert dësem Link ze fannen:https://digital.gouvernement.lu/fr/dossiers/2021/facturation-electronique.html.

De Virdeel vun den elektronesch Rechnunge läit an der Vereinfachung vum Aarbechtsprozess fir den Traitement an der Validatioun vun de Fournisseursrechnunge vue dass d’Gemengen hier Rechnungen all digital zentraliséiert erëmfannen. Doduerch dass all d’Detailer oder Attributer vun enger Rechnung schonn an de Rechnungsprogramm beim Client importéiert goufen, kennen dës Rechnungen ouni Opwand mat nëmmen engem Klick bezuelt ginn.

En weidere Virdeel ass, dass keng Rechnunge méi per Courrier verschéckt ginn an esou de Verbrauch vu Pabeier reduzéiert gëtt.

Wat ass eng elektronesch Rechnung ?

Als elektronesch Rechnung gelt eng Rechnung, déi an engem strukturéierte XML-Format elektronesch erstallt, iwwermëttelt, empfaangen a gespäichert ginn ass, an esou en digitalen Traitement erméiglecht. Dëst schleist deemno d’Verschécke vun enger Rechnung am PDF-Format aus.

Déi verschidden Attributer vun der verschéckter Rechnung ginn an engem Programm an en XML Format ëmgewandelt dee vun enger Maschinn liesbar ass. An dësem Format kennen Donnéeë vun der Rechnung unhand vun automatiséierte PEPPOL-zertifiéierten Zougangspunkten transferéiert a registréiert gi.

PEPPOL (pan european public procurement online) ass en Protokoll deen zertifiéiert op d’Metadonnéeë vun der Fournisseursrechnung, (z.B. TVA Nummer, de Montant HTVA,…) konform erstallt gi sinn. 

Traitement vun elektronesche Rechnungen am SIGINOVA

Mam Service Achats am SIGINOVA, kennen d’Gemengen elektronesch Rechnunge vun hire Fournisseur am strukturéierte XML-Format empfänken, traitéieren a validéieren.

Fournisseuren schecken d’Rechnungen un PEPPOL. Hei gin d’Metadonnéeë vun den elektroneschen Rechnungen zertifiéiert an dës ginn duerno un déi betreffend Gemeng geschéckt. D‘ Gemeng kontrolléiert a validéiert d’Rechnung am Service Achats vu wou se duerno an de Comptabilitéitsprogramm agespeist gin.

Iwwert déi éischt Erfarunge mat dësen elektronesche Rechnungen an hirem Traitement am SIGINOVA hunn mir mam Robert Dom vun der Gemeng Käl Téiteng geschwaat.