Accueil - Gëtt Är Gemeng hiren Donnéeën dee Wäert, dee si verdéngen ?
19/06/2019 17:45

Gëtt Är Gemeng hiren Donnéeën dee Wäert, dee si verdéngen ?

De Wäert vun den Donnéeën déi d’Gemenge verwalten, dat war den Haaptthema vun der Journée des Elus de 7. Mäerz, wou de SIGI d’Decideure vun de Gemengen agelueden hat, fir iwwert dësen aktuelle Sujet ze informéieren an ze diskutéieren.

Natierlech ginn et ëmmer erëm Bedenken, wann een iwwert den Asaz vu gesammelten Donnéeë schwätzt, mee et sollt een sech och emol déi grouss Plus-value virun Aen halen, déi entsteet, wann déi Donnéeën, déi vun de Gemengen am Kader vun hirem gesetzlechen Optrag erhuewe ginn, optimal genotzt ginn. D’Decideure brauche sech dann net op hiert Bauchgefill ze verloossen, mee hu stéchhalteg Informatiounen zur Hand op déi se sech bei hiren Entscheedunge baséiere kënnen.

Sou eng Demarche dréit net nëmmen zur Professionaliséierung vun de Gemengeservicer bäi, mee stäerkt virun allem de Gemengen hir Autonomie. Si hunn an den Negociatioune mat Ministèren a Verwaltunge gutt a fondéiert Argumenter zur Hand an doduerch méi eng staark Verhandlungspositioun.

De Jos Schummer, Buergermeeschter vu Biissen, beschreift am Interview wéi déi Instrumenter, déi de SIGI zur Verfügung stellt, him ganz konkret gehollef hunn fir d’Interesse vu senger Gemeng ze verteidegen. An dat am Kader vun engem grousse Projet wéi z.B. Google.​​

Et dierf een och net vergiessen dass déi zousätzlech Transparenz, déi sou geschaf gëtt, d’Vertraue vun de Bierger an hir gewielte Vertrieder fërdert.

De SIGI ass e kompetente Partner, dee sech mat deem komplexe Beräich vun den Donnéeën auskennt a weess, wourop et bei der Selektioun an der Analys ukënnt. Dass dobäi zu all Ament och sämtlech gesetzlech Bestëmmunge strikt respektéiert gi versteet sech vum selwen.

Mat EnerCoach z.B. kréien d’Gemengen e kloren Iwwerbléck iwwert den Energieverbrauch an d’Treibhausgasemissioune vun hiren Installatiounen a kënnen hire Verbrauch mat Referenzwäerter vergläichen. Domat hu si all Informatiounen zur Hand, déi si brauche fir ze gesinn, wou vläicht sollt intervenéiert gi fir d’Situatioun ze optiméieren.

De Benchmark communal, deen op eng anonymiséiert Manéier d’Recetten an d’Depense vergläicht, ass eng grouss Hëllef wann et drëm geet, sech par Rapport zu ähnlech grousse Gemengen ze positionéieren. Sou ka fréizäiteg festgestallt ginn, wou eventuell Handlungsbedarf besteet.

De Cockpit ass e ganz wesentlecht Instrument fir en Iwwerbléck iwwert déi finanziell Gesamtsituatioun vun der Gemeng, souwuel um operationelle wéi um strategesche Plang, ze kréien an domat eng zolidd Decisiounsgrondlag.

Laangfristegt Plangen ënnerstëtzt de Plan Pluriannuel Financier (PPF) well hien de Fonctionnairen an den Decideure vun der Gemeng e kloer strukturéierten Iwwerbléck iwwert e puer Exercice gëtt an och d’Auswierkunge vun ënnerschiddlechen Zeenarien analyséiert an duerstellt.

Dat sinn nëmmen e puer Beispiller dofir, wéi de SIGI Gemengen dobäi ënnerstëtze kann, mat engem intelligenten a responsabelen Asaz vun hiren Donnéeën net nëmmen hir gesamt Gestioun optiméieren ze kënnen, mee och de Bierger e besseren, méi nohaltegen an zukunftsorientéierte Service ubidden ze kënnen. ​