Journée des Elus 2019

Dest traditionellt Event, riicht sech un déi gewielten Vetrieder vun de Gemengen a fennt de 7. Mäerz 2019 ëm 18 Auer am Sall “A Mouschelt” zu Lëntgen statt. Mir hunn dëst Joer déi grouss Éier fir de Ministre Délégué de la Digitalisation, de Marc Hansen, bei dëser Veranstaltung begréissen ze kënnen. Den Här Minister wäert eis […]

Dest traditionellt Event, riicht sech un déi gewielten Vetrieder vun de Gemengen a fennt de 7. Mäerz 2019 ëm 18 Auer am Sall “A Mouschelt” zu Lëntgen statt.

Mir hunn dëst Joer déi grouss Éier fir de Ministre Délégué de la Digitalisation, de Marc Hansen, bei dëser Veranstaltung begréissen ze kënnen. Den Här Minister wäert eis a senger Usprooch en Abléck an den “Agenda numérique” vun der Regierung ginn.

Hei d’Detailer vum Programm:

  • Begréissung duerch den Yves Wengler, President SIGI
  • Usprooch vum Marc Hansen, Ministre Délégué de la Digitalisation
  • Presentatioun iwwert de Cycle de vie vun den Donnéeën an der Gemeng an d’Léisungen, wéi Dir Är Daten notze kënnt, fir Är Aarbechtsprozesser ze optiméieren
  • Firwat kann d’Reorganisatioun vum SIGI Är Gemeng dobäi ënnerstëtzen, de Potenzial vun Ären Donnéeën ze valoriséieren? Presentéiert vum Carlo Gambucci, Direkter vum SIGI
  • Demonstratioun vun der neier App “sms2citizen” fir d’Decideure vun der Gemeng
  • Schlusswuert an Éierewäin offréiert vum Henri Wurth, Buergermeeschter vu Lëntgen


Mellt Iech w.e.g. per Mail ënnert folgender Adress jde@sigi.lu oder per Telefon um 350099-207 un.