Dir frot Iech elo warscheinlech wat dës Kreatur wuel mat Ärer digitaler Infrastruktur an Ären Applikatiounen ze dinn huet. Majo, da loosst eis emol kucken, a wéi engem Mooss e puer vun de follgende Punkte op Iech zoutreffen:

Äert IT- an digitaalt Equipement besteet aus engem Patchwork vun Deeler, déi net (ëmmer) kompatibel sinn a reegelméisseg en onberechenbaart Verhalen opweisen.

Dir geréiert divers Ubidder, woubäi hir jeeweileg Zoustännegkeetsberäicher ëmmer méi verschwammen an Dir déi steigend Lizenzkäschten aus den Ae verléiert.

Äre Support traitéiert eng disproportionéiert Unzuel vun Uriff am Konnendéngscht.

Är Mataarbechter mussen sech op ettlech Managementsystemer verloossen, fir den Iwwerbléck iwwer Är Informatiounen iwwer Projeten, Clienten, Fournisseuren, … ze behalen.

D’Uschafe vun enger Solutioun léist am Fong net Äre Problem.

Wann Dir e puer vun deene heidriwwer genannte Problemer an Ärem Betrib erkennt, da leit Äre Betrib mat grousser Warscheinlechkeet ënner deem sougenannten « Digitale Frankenstein-Syndrom » (DFS) leit. D’Haaptauswierkung vum DFS op Är Verwaltung besteet dran, datt en all zukunftsorientéierte Beweegung an Innovatioun läämen kann.

Dir frot Iech villäicht, wéi sech dëse Syndrom an den Organisatiounen entwéckelt? Normalerweis ass et d’Resultat vun enger Rei vu Problemer, déi optriede wann d’Organisatiounen/Verwaltunge stänneg no Shortcuts  oder séiere Léisunge sichen, déi mat e puer erlee Ubidder duerchgefouert ginn, fir de Business um Lafen ze halen. Decisioune ginn dann éischter duerch eng Reaktioun wéi duerch eng Strategie bestëmmt, well eng digital Strategie einfach inexistent ass. Zousätzlech kann ee ganz heefeg e Manktem un Dokumentatioun vun de Softwareinstallatiounen an den Decisiounen beobachten, wat schlussendlech zu weidere Problemer féiert, wa wichteg Mataarbechter de Betrib verloossen. 

D’Ëmfeld vun enger Verwaltung ass besonnesch ufälleg fir den DFS-Syndrom, well hir technesch Decideure virun allem am Bléckfeld vun den IT-Fournisseure sinn. Opgrond vun zäitlech limitéierte Mandater an der Komplexitéit vum Thema ginn déi politesch Decideuren bei hiren Entscheedungen heefeg taktesch vir a konzentréieren sech op Zäit a Präis, amplaz de Fokus op d’Iwwerleeung vun enger laangfristeger, nohalteger digitaler Strategie ze setzen.

Déi gutt Noriicht ass awer, datt et Strategien a Solutiounen um Marché gëtt, fir Är Situatioun unzegoen an ze verbesseren.

Net d’Technologie ass de Monster

Den idealen Usaz fir dem DSF-Syndrom laangfristeg Meeschter ze ginn ass d’Iwwerleeung an d’Ëmsetzung vun enger digitaler Transformatiounsstrategie oder op mannst vun enger digitaler Verbesserungsstrategie. Erfarungsgeméiss recommandéieren ech Iech, bei der Ëmsetzung vun Ärer Strategie eng Rei Reegelen ze beuechten.

Éischtens geet et drëm, déi divers SaaS-Offeren an eng eenzeg Multi-Solutiouns-Plattform ze konsolidéieren a sécherzestellen, datt déi Plattform erweiderbar ass an iwwer APIe verfüügt. D’Benotze vu Solutioune vun diversen Ubidder bréngt de Risiko mat sech, datt äre System net optimal funktiounsfäeg ass. Dëst féiert zu enger – vermeidbarer – Erhéijung vum Zäit- a Käschtenopwand  fir déi initial Ariichtung, vun den zousätzleche Käschte fir d’Maintenance an d’Formatioun guer net ze schwätzen. Eng gutt Méiglechkeet fir den Zougang an d’Zesummenaarbecht z’optiméieren besteet dran, Datesiloen an Ärem Betrib ze vermeiden.

A schliisslech wier et eng gutt Iddi, an Ärer Organisatioun an Digital Champions z’investéieren, déi Är Prozesser verstinn an als intern Botschafter op Ärer digitaler Transformatiounsrees agebonne kënne ginn.

Mir hei beim SIGI hunn d’Ambitioun, sécherzestellen, datt all eis Applikatioune konform zu den neisten Interoperabilitéitsstandarden am Tandem matenee schaffen. Aus dësem Grond sollen déi Solutiounen, déi mir eise Clientë proposéieren, hir Onofhängegkeet vu kommerziellen Ubidder bewierken. 

Weiderhi sinn eis Business-Applikatioune mam Zil konzipéiert, e Prozess vun A bis Z ze betruechten an en onmëttelbaren a kloren Abléck an déi iwwergeuerdent Ziler zu ginn. Fir d’Entwécklung vun eisen administrative Plattformen, wéi zum Beispill eiser Verwaltungsplattform SIGINOVA, setze mir op Open-Source-Solutiounen, déi op Low-Code-Programméierung baséieren. Si verfollegt konsequent eng interadministrativ Approche, déi net nëmmen d’Zesummenaarbecht vun Applikatiounen a Prozesser innerhalb vun enger Administratioun, mee och tëschent  nationalen Institutiounen an och Drëttparteie fërdert. En plus erméiglecht déi am SIGINOVA benotzt Skriptsprooch eng héich Flexibilitéit a garantéiert domat déi kontinuéierlech Weiderentwécklung vun der Plattform an hir Upassungsfäegkeet u verschidden Environnementer.

Mir hëllefen eise Clienten, eng holistesch Siicht op hir digital Defien ze kréien a begleeden si mat eiser Expertise op hirem Wee an déi digital Transformatioun. Mir hunn eng bewäert Methodologie fir Administratiounen entwéckelt, déi eng nohalteg digital Transformatioun ustriewen: An enger Rei vun Interviewen an Atelieren ënnerstëtze mir eis Clienten dobäi, hir reell Besoinen ze erkennen, ze analyséieren, wéi si Hindernisser iwwerwannen, Verännerungen erbäiféieren an eng op hir eege Besoinen zougeschnidde Strategie entwéckele kënnen. D’Resultater, déi dobäi erauskommen, bilden d’Basis fir déi gemeinsam Entwécklung vu SIGINOVA Applikatiounen a Servicer.

Ganz am Sënn vun der Sharing Economy si mir och dovun iwwerzeegt, datt déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht net nëmme virdeelhaft fir déi weider Entwécklung vun der lëtzebuergescher Verwaltungsplattform SIGINOVA ass, mee datt se och vital fir d’Fërderung vun hirer innovativer Entwécklung ass. Dovunner wäerten esouwuel de SIGI wéi och eis Gemengen an eis national Ekonomie profitéieren.

Ech si mer sécher, datt déi neiste Verwaltungsplattform SIGINOVA dank dem zentralen Opbau vum SIGI, dee fir 101 (vun 102) lëtzebuergesch Gemengen zoustänneg ass, de wuessenden digitale Besoine vun de Verwaltunge gerecht gëtt an e wesentleche Bäitrag zur Eliminatioun vum digitale Frankenstein-Syndrom leeschte wäert.

 

English version